Op den Inhalt sprangen

Milo Đukanović

Vu Wikipedia
Milo Đukanović
Funktioun
3. President vum Montenegro
20. Mee 2018 - 20. Mee 2023
Virgänger Filip Vujanović
Nofollger Jakov Milatović
Biographie
Gebuer 15. Februar 1962
Nikšić
Nationalitéit Montenegro

De Milo Ðukanović, kyrillesch: Мило Ђукановић; gebuer de 15. Februar 1962 zu Nikšić, an der SR Montenegro vum deemolege Jugoslawien, ass e montenegrinesche Politiker.

Den Đukanović ass e studéierten Ekonomist.

Hie war vun 1998 bis 2002, an dann nees vun Abrëll 2018 bis Mee 2023 Staatspresident vu Montenegro. Ausserdeem war hie vun Dezember 2012 bis November 2016 Ministerpresident, a vun 1991 bis 1998, 2002 bis 2006 a vun 2008–2010 Premierminister.

Hien ass zanter 1997 President vun der Demokratescher Partei vun de Sozialiste vum Montenegro.

 Commons: Milo Đukanović – Biller, Videoen oder Audiodateien