Leon M. Lederman

Vu Wikipedia
Leon M. Lederman
Gebuer 15. Juli 1922
New York
Gestuerwen 3. Oktober 2018
Rexburg
Doudesursaach Demenz
Nationalitéit USA
Educatioun City College of New York,
Columbia University
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Physiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Association for the Advancement of Science, American Physical Society

De Leon Max Lederman, gebuer de 15. Juli 1922 zu New York, a gestuerwen den 3. Oktober 2018 zu Rexburg, am Idaho[1], war en US-amerikanesche Physiker.

1988 krut hien, zesumme mam Melvin Schwartz a mam Jack Steinberger den Nobelpräis fir Physik "fir d'Neutrinostral Method an dem Noweis vum Myon-Neutrino" [2]. Si konnte beweisen, dass et ënnerschiddlech Aarte vun Neutrinoe gëtt, woumat s'och d'Postulat vun der Leptonen-Theorie konfirméiert hunn.

Mat sengem Buch The God particle. If the universe is the answer, what is the question? huet hien de Begrëff vun der "Gottpartikel" fir d'Higgs-Boson-Partikel an d'Welt gesat. Ursprénglech huet en den Ausdruck goddamn particle gebraucht, well se de Physiker Kappzerbrieches gemaach huet.

De Ledermann huet um Enn vu sengem Liewen un Demenz gelidden. 2015 huet e seng Nobelpräis-Medail fir 765.000 US-Dollar versteet, fir d'Käschte vu senger Behandlung a Fleeg kënnen ze bezuelen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Max Lederman, Dick Teresi: The God Particle. If the Universe Is the Answer, What Is the Question? Houghton Mifflin, Boston 1993, 2006 (deutsch: Das schöpferische Teilchen. Der Grundbaustein des Universums. Übersetzt von Friedrich Griese. Bertelsmann, München 1993, ISBN 3-570-12037-6).
  • Max Lederman, Christopher Hill: Symmetry and the beautiful universe. Prometheus Books, 2004.
  • Max Lederman, David Schramm: From quarks to the cosmos. Tools of discovery. Freeman, 1989 (deutsch: Vom Quark zum Kosmos. Spektrum der Wissenschaft, Heidelberg 1990, ISBN 978-3-89330-812-5).
  • Max Lederman: The discovery of the bottom quark, upsilon and b-meson. In: Hoddeson, Brown, Riordan, Dresden (Hrsg.): The rise of the standard model. Cambridge University Press, 1997, S. 101–113.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leon M. Lederman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Leon Lederman, Nobel laureate, former laboratory director and passionate advocate of science education, dies at age 96 ". news.fnal.gov, 2018-10-03.
  2. "The Nobel Prize in Physics 1988" op nobelprize.org.