Serge Dassault
Ausgesinn
| Serge Dassault | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Serge Paul André Bloch |
| Gebuer |
4. Abrëll 1925 4. Arrondissement |
| Gestuerwen |
28. Mee 2018 8. Arrondissement |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun |
Lycée Janson de Sailly, École polytechnique, Institut Supérieur de l’Aéronautique et de l’Espace, HEC Paris |
| Aktivitéit | Politiker, Chef vun enger Entreprise, Entreprener, Editeur, Geschäftsmann, Ingenieur |
| Partei | Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République |
| Fonctioun | Buergermeeschter vu Corbeil-Essonnes, Member vum Regionalrot vun der Île-de-France, Franséische Senateur, Member vum Conseil général |
| Member vun | Académie de l'Air et de l'Espace |
| Gielercher | Grand officier de la Légion d'honneur |
| Famill | |
| Papp | Marcel Dassault |
| Kanner | Olivier Dassault |
|
| |
De Serge Dassault, gebuer de 4. Abrëll 1925 zu Paräis als Serge Bloch, an och do den 28. Mee 2018 gestuerwen, war e franséischen Entreprener a Politiker (UMP/LR).
Hie war de Jong vum Flijerbauer a Grënner vum Groupe Dassault, Marcel Dassault, a war zesumme mat senger Famill Proprietär vun deem Grupp, dee virun allem an der Rëschtung- an am Medieberäich (dorënner Le Figaro, La Voix du Nord a dee belsche Le Soir) aktiv ass.
2015 huet de Forbes Magazine säi Verméigen op 15,3 Milliarden US-Dollar geschat.[1]
Hien hat veschidde politesch Mandater, dorënner vun 1995 bis 2009 dat vum Buergermeeschter vu Corbeil-Essonnes, an zanter 2004 vum Senateur fir d'Departement Essonne, vun deem en zulescht Doyen war.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Französischer Wirtschaftsboss Dassault ist tot. FAZ, 28. Mee 2018
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Claude Carlier, Serge Dassault 50 ans de défis. Éditions Perrin, Paris 2002
- Anne-Marie Rocco, Serge Dassault. Armes, presse, politique. Flammarion, Paris 2006
