Guillermo del Toro

Vu Wikipedia
Guillermo del Toro
Gebuer 9. Oktober 1964
Guadalajara
Nationalitéit Mexiko
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Romancier, Filmproduzent, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Televisiounsproduzent, Maquilleur, Regisseur
Member vun WGA West

De Guillermo del Toro Gómez, gebuer den 9. Oktober 1964 zu Guadalajara, a Mexiko, ass e mexikanesche Filmregisseur, -produzent, Schrëftsteller an Dréibuchauteur. Hie krut fir säi Fantasyfilm The Shape of Water 2018 den Oscar als beste Regisseur, deen och den Oscar fir dee bescht Film krut.

Vill vu senge Filmer huet hie selwer produzéiert, a bei en ettlechen huet en och d'Dréibuch geschriwwen. A senge Filmer sinn dacks märchenhaft, fantasy- oder symbolesch Elementer.

De Guillermo del Toro huet och eng Vampirroman-Trilogie geschriwwen, a bis ewell ee Jugendbuch (Trollhunters, 2016).

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur
als Dréiuchauteur
  • 1993: La invención de Cronos
  • 1997: Mimic
  • 2001: El espinazo del diablo)
  • 2004: Hellboy
  • 2006: El laberinto del fauno
  • 2008: Hellboy II: The Golden Army
  • 2010: Don't Be Afraid of the Dark
  • 2012: The Hobbit: An Unexpected Journey
  • 2013: Pacific Rim
  • 2013: The Hobbit: The Desolation of Smaug
  • 2014: The Hobbit: The Battle of the Five Armies
  • 2014-2017: The Strain (Tëleesserie, Créateur)
  • 2015: Crimson Peak
  • 2017: The Shape of Water

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerhard Hroß: Engel in Plastiktüten und Teufel ohne Hörner: Die Filme von Guillermo Del Toro. In: Thomas Bohrmann, Werner Veith, Stephan Zöller (Hrsg.): Handbuch Theologie und Populärer Film. Band 2. Ferdinand Schöningh, Paderborn 2009, ISBN 978-3-506-76733-2, S. 123-135.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guillermo del Toro – Biller, Videoen oder Audiodateien