Vampir

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E klassescht Bild vun engem Vampir, vum Christopher Lee am Film Dracula vun 1958 gespillt.
Genuine Vampire Killing Kit, eng Geschierkëscht vun engem Vampirejeeër (USA, 1840er).

An der spéider europäescher Mythologie, ass e Vampir (op Alslawesch: вѫпырь/vǫpyrь) en Doudegen oder (rar) e Metamorphen, deen an der Nuecht aus sengem Graf a Form vun engem Mënsch oder enger Fliedermaus waakreg gëtt. D'Vampiren drénke Blutt vu Leit déi schlofen an zwénge s'ënner Albdreem ze leiden. Et gëtt ugeholl, datt se virun der Transformatioun als Vampiren "onhelleg" Doudeg waren: Verbriecher, Selbstmäerder, Affer vun anere Vampiren, asw[1]. D'Analoge vun dëse Kreaturen existéieren a slaweschen (Upyren, Wurdalaken, Wieszczy, ...), rumäneschen (Strigoien/Strigăen), armeeneschen (Dachanawaren), zigeineschen (Mullo), an a verschiddenen asiatesche Folkloren.

Déi stereotypesch Vampiren hunn eng blatzeg Haut a laang Eckzänn, a se fäerten d'Sonneliicht. Se si beléift a moderne Seeërcher, a Literatur, Filmer, Computerspiller (besonnesch vum Horror-Genre) an an der Rockmusek. Besonnesch dem Bram Stoker säi Roman Dracula, an déi sëllege Verfilmungen dovun, hunn zu dëser Popularitéit zanter dem 20. Joerhonnert bäigedroen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vampiren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Вампир // Мифологический словарь / гл. ред. Е. М. Мелетинский. — М. : Советская энциклопедия, 1990. — С. 114. — ISBN 5-85270-032-0.