Vampirtëntefësch

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vampirtëntefësch

Systematik
Klass: Kappféissler (Cephalopoda)
Ënnerklass Coleoidea
Uerdnung: Vampyromorphida
Famill: Vampyroteuthidae
Gattung: Vampyroteuthis
Wëssenschaftlechen Numm
Vampyroteuthis infernalis
Chun, 1903

De Vampirtëntefësch (Vampyroteuthis infernalis) ass en Tëntefësch aus der Uerdnung vun de Vampyromorphida, an där hien déi eenzeg bekannt lieweg Aart ass.

De Vampirtëntefësch, deen zu de Kappféissler (Cephalopoda) gehéiert, also kee Fësch ass, lieft an enger Déift vun ongeféier 600 bis 1000 Meter (anere Quellen no bis zu 3000 Meter) am Mier. Säin Numm, dee wuertwiertlech „Vampirtëntefësch aus der Häll“ heescht, krut e wéinst den Hait, déi sech tëschent sengen Äerm spanen. D'Aart gouf 1898–1899 wärend der éischter däitscher Déifséi-Expeditioun entdeckt.

Aus der Paleontologie sinn eng ganz Rëtsch aner, ausgestuerwen Aarten aus der Uerdnung Vampyromorphida bekannt. D'Vampyromorphida bilden eng stammesgeschichtlech Iwwergangsform vun den zéng- op d'aachtärmeg Kappféissler (Cephalopoda).

Entdeckung zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Bei Ausgruewungen an der Industriezon Edward Steichen zu Nidderkäerjeng gouf am Mee 2022 en Exemplar vun enger fossiler Aart aus der Uerdnung Vampyromorphida, also engem ausgestuerwene Verwandte vum Vampirtëntefësch entdeckt. D'Fossil gouf an enger Gestengsschicht aus dem Jura, mei genee aus dem Toarcium (-174 bis -182 Millioune Jore) fonnt. D'Exemplar ass bemierkenswäert well zwéi fossil Fësch tëschent den Äerm vum Tëntefësch erhale bliwwe sinn.

Zesumme mat engem Spezialist vun de fossilen Cephalopoden (Kappféissler) hunn d'Paleontologe Robert Weis a Ben Thuy vum Nationalmusée fir Naturgeschicht erkannt, dass et sech ëm eng nei Aart aus enger bis dohin onbekannter Gattung vun ausgestuerwene Vampirtëntefësch handelt, déi si 2024 ënner dem Numm Simoniteuthis michaelyi publizéiert hunn.[1] [2][3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fuchs D., R. Weis & B. Thuy, 2024. Simoniteuthis, a new vampyromorph coleoid with prey in its arms from the Early Jurassic of Luxembourg. Swiss Journal of Palaeontology 143: 6 https://doi.org/10.1186/s13358-024-00303-y
  2. Mike Stebens, Ein außergewöhnlicher Fund: Vampirtintenfisch aus der Hölle aufgetaucht, In Käerjeng wurde das Fossil einer bisher unbekannten Art gefunden. Der Tintenfisch starb vor 183 Millionen Jahren bei seiner letzten Mahlzeit.. wort.lu[€], Luxemburger Wort, S. 10-11 (11.3.2024). Gekuckt de(n) 11.3.2024.
  3. Déi nei Gattung (Simonitheutis n. gen.) gouf nom Jo Simon, engem Mataarbechter am Musée, deen de Fossil aus dem Steekär erauspreparéiert huet genannt. Déi nei Aart (S. michaelyi n. sp.) gouf nom Patrick Michaely, dem Direkter vum Naturmusée genannt.