Diskussioun:Vampirtëntefësch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zesummenhang?[Quelltext änneren]

Moien,

Ech verstinn net ganz: wat ass den Zesummenhang tëscht dem Lemma (der Spezies Vampyroteuthis infernalis) an dem Fond zu Lëtzebuerg, deen eng ganz aner Aart vun enger anerer Gattung ass? Zinneke (Diskussioun) 20:43, 11. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Ech hu mir déi original wëssenschaftlech Publikatioun erofgelueden (cf. den DOI-Link an de Referenzen) an hunn den Artikel hei op der WP e bëssen ëmgebaut. Hoffentlech elo méi verständlech... mMn soll déi fossil Aart vu Käerjeng am Beschten e separaten Artikel kréien. --Cayambe (Diskussioun) 23:03, 11. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien och. am Text steet als Uerdnung Vampyromorphida an an der Këscht steet Vampyromorpha. Wat stëmmt? --Les Meloures (Diskussioun) 09:46, 12. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
Remoien a merci fir d'Opmierksamkeet. Am Originalartikel vu Fuchs et al. 2024 steet Vampyromorpha. Well den D. Fuchs e Spezialist vun de fossilen Cephalopoden ass, ginn ech dervun aus, datt dat dee wëssenschaftlech validen Numm ass. Verbesseren dat elo gläich. --Cayambe (Diskussioun) 09:51, 12. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Merci, dat ass scho méi kloer. Effektiv wier dat bescht, op Basis vun deem wat hei scho steet, och nach en Artikel zu Vampyromorpha an dem 'Käerjenger' Simoniteuthis michaelyi ze zwaffen, fir dat auserneenzehalen. --Zinneke (Diskussioun) 13:10, 12. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Vampyromorphida[Quelltext änneren]

Pour info: Vampyromorphida schéngt deen aktuell gebräichlechen Numm vun der Uerdnung ze sinn, wouwéinst ech Vampyromorpha iwwerall doduerch ersat hunn. --Volvox (Diskussioun) 16:14, 9. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]