Julius Maada Bio
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Julius Maada Bio | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 12. Mee 1964 |
| Nationalitéit | Sierra Leone |
| Educatioun | American University |
| Aktivitéit | Politiker, Minister |
| Fonctioun | President vu Sierra Leone |
| Famill | |
| Bestuet mat | Fatima Maada Bio (2013–) |
| Kanner | Agnès Bio |
|
| |
De Julius Maada Bio, gebuer den 12. Mee 1964, war 1996 fir eng kuerz Zäit Staatschef vu Sierra Leone. De Generol Bio war de 16. Januar 1996 un der Spëtzt vum Putsch géint de Valentine Strasser, deem säi Stellvertrieder hie war.
Wéinst dem Duercherneen nom Putsch goufen d'Walen, déi fir Enn Februar 1996 virgesi waren, op den 29. Mäerz geréckelt.
Dat waren déi éischt fräi Walen zanter Joerzéngten a Sierra Leone.
No de Walen, bei deenen den Ahmad Tejan Kabbah als President gewielt gouf, huet de Julius Bio sech aus der Politik zeréckgezunn an ass an d'Privatwirtschaft schaffe gaangen, an huet sech bei karitativen Organisatiounen engagéiert.
Wärend engem reegelméissege Sommet vu Staatscheffen zu Abuja an Nigeria, gouf de Julius Maada Bio den 22. Juni 2025 zum President vun der Wirtschaftsgemeinschaft vun de westafrikanesche Staaten (Economic Community Of West African States, ECOWAS) gewielt[1].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Sierra Leone's President Bio to be the next ECOWAS chairman with region in turmoil. AP News (22.06.2025). Gekuckt den 23.06.2025.
