Op den Inhalt sprangen

Nicolás Maduro

Vu Wikipedia
Nicolás Maduro
Funktioun
34. President vu Venezuela
5. Mäerz 2013 - 3. Januar 2026
Virgänger Hugo Chávez
Nofollger Delcy Rodríguez (interim)
Partei Partido Socialista Unido de Venezuela
Biographie
Gebuer 23. November 1962
Caracas
Nationalitéit Venezuela
Gielercher Orden del Libertador, Leninuerden
Bestuet mat Cilia Flores (15.7.2013–)
Kand Nicolás Maduro Guerra

Den Nicolás Maduro Moros, gebuer den 23. November 1962 zu Caracas, ass ee venezuelanesche Politiker an aktuelle President vu Venezuela.

Hien huet sech fréi politesch engagéiert an ass Member vun der Vereenegter Sozialistescher Partei. Vun 2006 bis de 16. Januar 2013 war hien Ausseminister. Am Oktober 2012 gouf e Vizepresident vun der Bundesrepublik Venezuela an huet faisant fonction de kranke President Hugo Chávez ersat.[1][2] Nom Chávez sengem Doud blouf hie President ff. bis d'Presidentschaftswale vum 14. Abrëll 2013. Hien huet dës knapps mat 50,66 Prozent vun de Stëmme géint säin Challenger Henrique Capriles Radonski (49,06%) gewonnen.[3]

Am Kontext vum Konflikt tëscht den USA a Venezuela – absënns wéinst „Narco-Terrorismus“, deen d'USA dem venezuelanesche Regimm virgeheien – goufen den Nicolás Maduro a seng Fra d'Cilia Flores den 3. Januar 2026, no enger grouss ugeluechter Attack op Caracas, vun den USA gefaange geholl an aus dem Land bruecht[4].

 Commons: Nicolás Maduro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Chávez ernennt Außenminister", suedeutsche.de vum 17. Januar 2013.
  2. "Venezuela Chávez' Erben warten am Krankenbett", Die Zeit vum 3. Januar 2013]
  3. "Chávez-Ziehsohn Maduro gewinnt Präsidentschaftswahl." op spiegel.de 15. Abrëll 2013.
  4. (lb) Andy Brücker; Céline Eischen; Marc Hoscheid, Trump bestätegt Attack op Venezuela, President Maduro a seng Fra verhaft an aus dem Land bruecht. rtl.lu (03.01.2026). Gekuckt den 03.01.2026.