Galt MacDermot
Ausgesinn
Galt MacDermot | |
---|---|
Gebuertsnumm | Arthur Terence Galt MacDermot |
Gebuer |
18. Dezember 1928 Montréal |
Gestuerwen |
17. Dezember 2018 Staten Island |
Nationalitéit | Kanada, USA |
Educatioun |
Universitéit vu Kapstad, South African College of Music, Upper Canada College |
Aktivitéit | Komponist, Lidderschreiwer, Filmkomponist, Pianist |
Den Arthur Terence Galt MacDermot, gebuer den 18. Dezember 1928 zu Montréal a gestuerwen de 17. Dezember 2018[1], war e kanadesch-amerikanesche Komponist.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Als Kand krut de Galt MacDermot eng ëmfaassend musikalesch Ausbildung (Blockflütt, Gei, Piano). Ufanks der 1950er Joren huet hien um College of Music zu Kapstadt studéiert. Hien huet méi spéit dës Phas als eng vu senge wichtegste bezeechent. Hien huet duerno a senger Heemechtsstad als Organist a Kierchemuseker geschafft, duerno als als Rock- an Jazz-Komponist an nach méi spéit als Barpianist zu New York.
Fir säi Stéck African Waltz krut hien e Grammy Award. Hien huet och Filmmusek an eng Rëtsch Musicals komponéiert, wouvun Hair dat bekanntst ass.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Musical
[änneren | Quelltext änneren]- 1957: My Fur Lady
- 1967: Hair
- 1970: Isabel's a Jezebel
- 1970: Who the Murderer Was
- 1971: Two Gentlemen of Verona
- 1973: Dude
- 1973: Via Galactica
- 1984: The Human Comedy
- 1985: The Special
- 1995:Time and the Wind
- 1997: The Legend of Joan of Arc
- 1998: Sun
- 1998: Blondie
- 1999: The Corporation
Filmmusek
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Cotton Comes to Harlem
- 1971: Fortune and Men's Eyes
- 1971: Duffer - Moon Over the Alley
- 1975: Rhinoceros
- 1979: Hair
- 1992: Mistress
- 1994: Forrest Gump
- 2007: Zodiac
Aner Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: Art Gallery Jazz
- 1961: The English Experience
- 1966:Shapes of Rhythm
- 1969: Hair Cuts
- 1969: Woman is Sweeter
- 1970: Galt MacDermot's First Natural Hair Band
- 1979: New Pulse Band
- 1994: Purdie as a Picture
- 2000: Up from the Basement Volumes 1 & 2
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Hair"-Komponist MacDermot gestorben op zdf.de den 18. Dezember 2018 21:01, fir d'lescht gekuckt den 18. Dezember 2018