Siegfried Rauch

Vu Wikipedia
Siegfried Rauch
Gebuer 2. Abrëll 1932
Landsberg am Lech
Gestuerwen 11. Mäerz 2018
Obersöchering
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

De Siegfried Rauch, gebuer den 2. Abrëll 1932 zu Landsberg am Lech a gestuerwen den 11. Mäerz 2018 zu Untersöchering bei München[1], war en däitsche Schauspiller.

Hie war an de bedeitende Krichsfilmer Patton (1970) vum Franklin J. Schaffner an The Big Red One (1980) vum Samuel Fuller ze gesinn. Hie krut och nieft dem Steve McQueen eng Haaptroll am Film Le Mans vum Lee H. Katzin.

Hien huet vun der Mëtt vun den 1950er-Jore bis zu sengem Doud an iwwer 135 Filmer a Serië matgespillt. Hie gouf ënner anerem duerch d'Tëleesserien Es muß nicht immer Kaviar sein, Die glückliche Familie, Das Traumschiff an Der Bergdoktor bekannt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Meine Tochter - Unser Fräulein Doktor - (TV-Serie) - (13 Episoden)
  • 1973: Lawinenpatrouille - (TV-Serie) - (7 Episoden)
  • 1975: Bitte keine Polizei - (TV-Serie) - (12 Episoden)
  • 1980-1981: Flying Kiwi - (TV.Serie) - (26 Episoden)
  • 1982: Barriers - (TV.Serie) - (6 Episoden)
  • 1987-1991: Die glückliche Familie - (TV-Serie) - (52 Episoden)
  • 1993-1997: Wildbach - (TV-Serie) - (52 Episoden)
  • 1997-2013: Das Traumschiff - (TV-Serie) - (38 Episoden)
  • 2000-2003: Bei aller Liebe - (TV-Serie) - (51 Episoden)
  • 2006-2011: Die Landärztin - (TV-Serie) - (7 Episoden)
  • 2007-2013: Kreuzfahrt ins Glück - (TV-Serie) - (17 Episoden)
  • 2008-2018: Der Bergdoktor - (TV-Serie) - (112 Episoden)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Siegfried Rauch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Traumschiff"-Kapitän Siegfried Rauch 85-jährig gestorben op rtl.lu, gekuckt den 12. Mäerz 2018