Peter Pellegrini

Vu Wikipedia
Peter Pellegrini
Gebuer 6. Oktober 1975
Nationalitéit Slowakei
Aktivitéit Politiker

De Peter Pellegrini, gebuer de 6. Oktober 1975 zu Banská Bystrica, ass e slowakesche Politiker (Smer). Hie war vumm 22. Mäerz 2018 bis den 21. Mäerz 2020 Ministerpresident vun der Slowakei.

De Pellegrini huet Finanzwëssenschafte studéiert an dono als Geschäftsmann geschafft.

2000 gouf e Member vun der Smer, enger Partei, déi kuerz virdru vum Robert Fico gegrënnt gi war. 2002 gouf hien Assistent vun engem Smer-Deputéierten am slowakesche Parlament ("Nationalrot"). Bei de Walen 2006 gouf hie selwer als Deputéierte gewielt, an 2010, 2012 an 2016 erëmgewielt.

Den 3. Juli 2014 gouf hien ënnert dem Premierminister Robert Fico Minister fir Edukatioun, ma gouf schonn de 24. November 2014 President vum Nationalrot ernannt. No de Walen 2016 gouf hien, ënnert dem Prmeirminister Fico, Vize-Premier, resoponsabel fir Investitiounen.

De Robert Fico ass an der Folleg vun der Regierungskris, déi duerch d'Ermuerdung vum Journalist Ján Kuciak entstane war, de 14. Mäerz 2018 zeréckgetrueden, an de Pellegrini gouf den 22. Mäerz als säin Nofollger vereedegt.[1]

Den 21. Mäerz 2020 gouf hien a senger Fonctioun vum Igor Matovič ogeléist.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nach Journalistenmord: Neue slowakische Regierung steht, Proteste halten an. spiegel.de 22.03.2018.