Novak Đoković
| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
| Novak Đoković | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
22. Mee 1987 Belgrad |
| Nationalitéit | Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Bundesrepublik Jugoslawien, Serbien a Montenegro, Serbien |
| Aktivitéit | Tennisspiller |
| Gréisst | 188 cm |
| Gewiicht | 77 kg |
| Kompetitiounsklass | Tennis (Eenzel), Tennis (Dubbel) |
| Spillhand | riets |
| Huet matgemaach bei |
Olympesch Summerspiller 2024, Olympesch Summerspiller 2012, Olympesch Summerspiller 2016, Olympesch Summerspiller 2020 |
|
| |
Den Novak Đoković (serbesch: Новак Ђоковић [nôʋaːk dʑôːkoʋitɕ]), gebuer den 22. Mee 1987 zu Belgrad, ass e serbesche professionellen Tennisspiller. Hie wunnt zanter 2020 zu Marbella, am Süde vu Spuenien.
Den Đoković hält d'Rekordzuel vu siwe Saisonen (2011, 2012, 2014, 2015, 2018, 2020 an 2021) op der Plaz 1(vu wat?) ewéi och de Rekord vun deene meeschte Wochen op der Plaz 1 mat 388 un der Zuel. Mat sechs Titele bei den ATP Finals hält hien zesumme mam Roger Federer de Rekord. A senger Karriär huet hie 94 Titel am Eenzel gradewéi een Turnéier am Doubel gewonnen.
An der Statistik vun de gewonnenen Grand-Slam-Titelen am Eenzel ass hie mat 23 Titelen Éischten. Dobäi ass hien den eenzege Spiller, den all Grand-Slam-Turnéier op d'mannst dräimol gewonnen huet. Sou huet hien zéngmol d'Australian Open, siwemol Wimbledon a jeeweils dräimol d'US Open an d'French Open gewonnen. Mat dem Erfolleg bei de French Open 2016 gouf hien nom Don Budge (1938) a Rod Laver (1962 an 1969) zum drëtte Spiller an der Geschicht, dee bei alle véier Grand-Slam-Turnéieren hannerenee gewonnen huet. Zousätzlech huet den Đoković 38 Turnéiere vun der ATP-Masters-1000-Serie an 2010 den Davis Cup gewonnen. Dobäi war hien als Éischten a bis dato[Wéini?] den eenzege Spiller bei allen aktuellen Turnéiere vun der Masters-Serie mindestens zweemol erfollegräich. Als 1. Spiller vun der Geschicht huet den Đoković och 100 bzw. 150 Milliounen US-Dollar un Turnéierpräisgelder gewonnen.
Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]| Tennis Masters Cup | 2008 | |
| ATP 250 Adelaide 1 | 2023 | |
| Australian Open | 2008 | 2011 | 2012 | 2013 | 2015 | 2016 | 2019 | 2020 | 2021 | 2023 | |
| ATP 1000 Shanghai | 2012 | 2013 | 2015 | 2018 | |
| ATP 500 Peking | 2009 | 2010 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | |
| ATP 250 Eastbourne | 2017 | |
| Wimbledon | 2011 | 2014 | 2015 | 2018 | 2019 | 2021 | 2022 | |
| ATP 1000 Paris | 2009 | 2013 | 2014 | 2015 | 2019 | 2021 | |
| French Open Herren | 2016 | 2021 | 2023 | |
| ATP 250 Tel Aviv | 2022 | |
| ATP Finals | 2008 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2022 | |
| ATP 1000 Rom | 2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2020 | 2022 | |
| ATP 500 Tokio | 2019 | |
| ATP 1000 Toronto | 2007 | 2011 | 2012 | 2016 | |
| ATP 500 Nur-Sultan | 2022 | |
| ATP 250 Doha | 2016 | 2017 | |
| ATP 1000 Monte Carlo | 2013 | 2015 | |
| ATP 500 Basel | 2009 | |
| Belgrade Open | 2021 | |
| ATP 250 Belgrad | 2009 | 2011 | |
| ATP 1000 Madrid | 2011 | 2016 | 2019 | |
| ATP 1000 Indian Wells | 2008 | 2011 | 2014 | 2015 | 2016 | |
| ATP 1000 Miami | 2007 | 2011 | 2012 | 2014 | 2015 | 2016 | |
| ATP 1000 Cincinnati | 2018 | 2020 | |
| US Open | 2011 | 2015 | 2018 | |
| ATP 500 Dubai | 2009 | 2010 | 2011 | 2013 | 2020 | |
| ATP 500 Wien | 2007 |
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]Den Đoković gouf och als YouTube-Videoblogger bekannt.
2013 ass säi Buch mam Titel: "Serve To Win" erauskomm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Novak Đoković – Biller, Videoen oder Audiodateien |
