Australian Open
Ausgesinn
D'Australian Open ass en Tennisturnéier an Australien. Et ass deen éischte vu véier Grand-Slam-Turnéiere vum Joer a gëtt am Januar zu Melbourne gespillt. Et ass dat gréisst reegelméissegt Sportereegnes dat um australesche Kontinent ofgehale gëtt.
Wéi bei all aner Grand-Slam-Turnéier spillen hei och Dammen an Hären am Eenzel, am Duebel an am Mixed.
Den Tournoi gouf fir d'éischt 1905 gespillt an dat op Gras bis 1987. Säit 1988 gëtt op haardem Belag, am Ufank op Rebound Ace duerno op Plexicushion an zanter 2020 op GreenSet am Melbourne Park, deen 1988 extra fir dësen Tournoi gebaut gouf, gespillt. Do gëtt et 35 Tennisfelder, op enger Gesamtfläch vun iwwer 25 ha.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Punkten a Präisgelder
[änneren | Quelltext änneren]| Tour | Punkten | Primm |
|---|---|---|
| Gewënner | 2000 | 1 620 000 $ |
| Finall | 1200 | 810 000 $ |
| Halleffinall | 720 | 365 000 $ |
| Véirelsfinall | 360 | 182 250 $ |
| Aachtelsfinall | 180 | 88 000 $ |
| 3. Tour | 90 | 51 000 $ |
| 2. Tour | 45 | 31 000 $ |
| 1. Tour | 10 | 19 400 $ |
Rekorder
[änneren | Quelltext änneren]Gewënner
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Australian Open – Biller, Videoen oder Audiodateien |