François Konter

Vu Wikipedia
François Konter
Foto vun der Ekipp déi den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam géint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler, Bizzi Konter, Erny Brenner, Jim Hoffstetter, Fernand Brosius, Nico Schmitt
Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
Gebuer 20. Februar 1934
Zowaasch
Gestuerwen 29. August 2018
Beetebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Zenter-Back
Veräin/Ekipp KAA Gent (Foussballveräin),
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FC Rodange 91

De François Konter, besser bekannt als Bizzi oder Bitzi Konter, gebuer den 20. Februar 1935 zu Zowaasch a gestuerwen den 29. August 2018[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer[2].

De Konter war dat sechst vu siwe Kanner an huet vu klengem un zu Zowaasch gewunnt. Zanter 2005 wunnt hien zu Nidderkuer.

Tëscht dem 9. Oktober 1955 am 23. Abrëll 1969 huet hien a 77 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 4 Goler geschoss[3].

Vun 1951 bis 1961 huet hie fir Chiers Rodange gespillt, duerno gouf hie Profi an huet noenee fir den RSC Anderlecht, R. Crossing Club Molenbeek an A.R.A. La Gantoise gespillt.

1971-1972 war hie Foussballtrainer bei Excelsior Virton, 1972-1974 bei Woluwé St Lambert, 1974-1976 beim F.C. Minière Lasauvage an 1976-1978 bei der Fola Esch.

Fir ze liesen

  • Bitzi Konter. Erfolgreicher Sportler der Gemeinde Differdingen, in: Déifferdang Magazine, Nr 8, 2005

Referenzen

  1. "François Konter gestorben." wort.lu, 29.08.2018.
  2. De François Konter op der Websäit profoot.lu
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum François Konter op der Websäit vun European Football