Wim Kok

Vu Wikipedia
Wim Kok
Gebuertsnumm Willem Kok
Gebuer 29. September 1938
Bergambacht
Gestuerwen 20. Oktober 2018
Amsterdam
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

De Willem ("Wim") Kok, gebuer den 29. September 1938 zu Bergambacht a gestuerwen den 20. Oktober 2018 zu Amsterdam, war e hollännesche Politiker (PvdA) a vum 22. August 1994 bis den 22. Juli 2002 zweemol hannerëneen Ministerpresident vun Holland, an enger Koalitioun vu Sozialdemokraten an zwou liberale Parteien (Regierung Kok I a Kok II).

Hie war Sekretär a spéider President vun der Gewerkschaft Bouwbond NVV. 1986–1989 war hien de Fraktiounspresident vun der Partij van de Arbeid (PvdA) an der Tweede Kamer, der ënneschter Chamber.

Vun 1989 bis 1994 war hie Finanzminister a Vizepremier an der Regierung vum Premier Ruud Lubbers. 1989 gouf hie President vun der Sozialistischer International. Ausserdeem war hie Vizepresident vum Sociaal-Economische Raad (SER, dem hollännesche Wirtschafts- a Sozialrot), Representant fir d'Salariéë bei der Stichting van de Arbeid (e Beriodungsgremium vun der Regierung a Froen zu der Sozialpolitik), Vizepresident vun der hollännescher Zentralbank.

2003 krut hien den Éierentitel Minister van Staat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wim Kok – Biller, Videoen oder Audiodateien