Dick Schoof
| Dick Schoof | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Hendrikus Wilhelmus Maria Schoof |
| Gebuer |
8. Mäerz 1957 Santpoort |
| Alter | 69 Joer |
| Nationalitéit | Kinnekräich vun den Nidderlanden |
| Educatioun | Radboud University |
| Aktivitéit | Politiker, Fonctionnaire, Regierungschef |
| Partei | Onofhängeg |
| Fonctioun | Premierminister vun Holland |
| Famill | |
| Liewenspartner(in) | Loes Meurs |
|
| |
Den Hendrikus Wilhelmus Maria ("Dick") Schoof, gebuer den 8. Mäerz 1957 zu Santpoort-Zuid, ass en hollänneschen héije Staatsbeamten a Politiker (ouni Partei).
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Vu Juli 2024 bis Februar 2026 war hie Ministerpresident vun Holland vun enger Regierung, déi aus 4 Parteie bestoung, an déi aus de Parlamentswale vum 22. November 2023 ervirgoung. Nom Zesummebroch vun där Koalitiounsregierung gouf de Rob Jetten säin Nofollger.
Virdru war hie vun 2020 bis 2024 Generalsekretär am Ministère fir Justiz a Sécherheet (Ministerie van Justitie en Veiligheid), vun 2018 bis 2020 Generaldirekter vum Allgemengen Noriichten- a Sécherheetsdéngscht (AIVD) an 2013 bis 2018 Nationale Koordinator fir Terrorismusbekämpfung a Sécherheet (NCTV), souwéi an de fréien 2000er Joren, Generaldirekter fir Immigratioun, an da fir d'Police (uganks 2010er Joren).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dick Schoof – Biller, Videoen an Audiodateien |
