Henri Blaise

Vu Wikipedia
Henri Blaise
Gebuer 9. November 1924
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. August 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Dichter
Famill
Kanner Marion Blaise


Den Henri Blaise, gebuer den 9. November 1924 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen den 21. August 2018[2], war e lëtzebuergesche Journalist a Lyriker.

Hie war vun 1959 bis 1986 an der Kulturredaktioun vum Luxemburger Wort an och laang responsabel fir där hir Kulturbäilag Die Warte, an där en och no senger Pensioun nach reegelméisseg publizéiert huet.

Hien huet eelef Gedichtsbänn an Aphorismesammlungen erausginn (deen éischten, Symbole, 1960), an eng ganz Rëtsch weider, sou wéi och Artikelen, an Die Warte-Perspectives, Les Cahiers luxembourgeois, Arts et lettres, Nouvelle Revue luxembourgeoise, Schliessfach an an der franséischer Zäitschrëft Dire publizéiert.

Vill vu senge Gedichter goufen och an Anthologië verëffentlecht.

Den Henri Blaise ass de Papp vun der Marion Blaise.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Blaise, H. (1960). Symbole. Luxemburg: Sankt-Paulus-Dr.
  • Blaise, H., & Heyart, Ben artiste. (1964). Kardiogramme : Gedichte. Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei.
  • Blaise, H. (1971). Kreuz- und Querschnitte. Luxemburg: H. Blaise.
  • Blaise, H. (1977). Fleur de brume.
  • Blaise, H., & Heyart, Ben artiste. (2004). Wort Gefechte : Gedichte aus 50 Jahren. S.l.: H. Blaise.
  • Blaise, H. (2006). Potpourri : Satirisch Gespicktes. S.l.: [H. Blaise].
  • Blaise, H. (2013). Paris en flânant. Luxembourg: [s.n.].
  • Blaise, H. (2017). Leuchtbojen. Luxembourg: H. Blaise.
  • Blaise, H., & Heyart, Ben artiste. (2017). Pariser Palette (H.C.. ed.). Luxemburg: [les auteurs].
  • Blaise, H., & Lanners, Paul. (2018). Lebensläufe : Gedichte und Aphorismen. Luxembourg: Phi.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche Henri Blaise am Luxemburger Autorenlexikon; autorenlexikon.lu.
  2. "De Lëtzebuerger Journalist an Dichter Henri Blaise ass dout." rtl.lu, 23.08.2018, 11:23:31.