Histoire(s) de femme(s)

Vu Wikipedia
Histoire(s) de femme(s)
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 5. Dezember 2018
Première 5. Dezember 2018
Dauer 70 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Anne Schroeder
Dréibuch Anne Schroeder
Produzent Claude Waringo (Samsa Film)
Viviane Thill (CNA)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Histoire(s) de femme(s) ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vun der Anne Schroeder. E koum de 5. Dezember 2018 an de Kino[1].

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film weist, unhand vum Liewenslaf vu Fraen aus verschiddene Generatiounen, d'Situatioun vun der Fra zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert, a wéi déi sech duerch perséinlechen a politeschen Engagement, an duerch d'Opkomme vu Protest- a Fraebeweegunge geännert huet.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Regisseurin Anne Schroeder huet véier Joer laang um Film geschafft.[2] Schonn 2001 hat si en Dokumentarfilm mat engem änlechen Numm erausbruecht, Histoire(s) de jeunesse(s), mat deem si sech fir d'Jugend interesséiert huet. Mat Histoire(s) de femme(s) huet si sech op d'Geschicht vun de Fraen zu Lëtzebuerg konzentréiert, déi filmtechnesch vill manner beluecht ass wéi déi vun de Männer.[2] Dofir huet si an den Archiver vum CNA recherchéiert a sech ronn 4.000 Privatfilmer ugekuckt.[3]

De Film krut e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 242.321 Euro,[4] obwuel déi éischt Demande nach refuséiert gouf.[3]

D'Anne Schroeder huet all hiren Interviewpartnerinnen déi selwecht Froe gestallt, zum Beispill iwwer d'Opwuessen, d'Educatioun, d'Bezéiungen an d'Partner, oder d'Politik. Esou konnt si eng koherent Geschicht erzielen, obwuel déi Fraen aus ënnerschiddleche Generatiounen a soziale Kontexter kommen.[5]

Den Numm vun den ënnerschiddlechen Interviewpartnerinne gëtt net gewisen, an et gëtt och net gesot, wéi eng Roll eng Persoun deemools oder haut gespillt huet, fir all Temoignage de selwechte Wäert ze ginn.[5]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Anne Schaaf, Tageblatt:[5]

„Histoire(s) de femme(s)“ ist das Resultat einer beeindruckenden Recherchearbeit, die unter anderem zahllose Stunden in den Archiven des Düdelinger CNA, aber auch zwischenmenschliches Feingefühl und großes dokumentarisches Talent implizierte. Es bleibt zu hoffen, dass gerade dieser Film nicht auf einer „Ladies' Night“ ausgestrahlt wird, sondern ganz unabhängig vom Geschlecht viele Menschen hierzulande erreicht.

Pablo Chimienti, Le Quotidien:[6]

Histoire(s) de femme(s) est un film utile qui parvient, malgré le sujet, à rester léger et devient même parfois très drôle.

France Clarinval, Paperjam:[7]

On suit ainsi un siècle de petite et grande histoire: les guerres mondiales aussi bien que les conflits familiaux, les premiers divorces, les avortements, l'engagement, l'accès aux études et au travail. Les femmes interviewées ne sont pas nommées pour «rendre leurs témoignages plus universels» et le fil intergénérationnel mesure bien le temps qui passe. La boucle se boucle sur des images de manifestations internationales dans la mouvance #MeToo. On regrette que les protagonistes les plus contemporaines n'aient pas été choisies pour leur engagement et qu'elles aient un discours assez banal sur le mode: «Pour moi tout va bien, je veux les enfants et la carrière.» Mais ce détail s'oublie assez vite.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op samsa.lu
  2. 2,0 2,1 wort.lu: Histoire(s) de femme(s), les Luxembourgeoises se racontent vum Christelle Bruckner (2. Dezember 2018)
  3. 3,0 3,1 saarbruecker-zeitung.de: Nur wenn Feminismus „sexy“ klingt, wird er auch gefördert (25. Oktober 2019)
  4. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2016
  5. 5,0 5,1 5,2 tageblatt.lu: Anne Schroeders neuer Dokumentarfilm „Histoire(s) de femme(s)“ ist kein Teekränzchen vum Anne Schaaf (16. Dezember 2018)
  6. lequotidien.lu: Cinéma Luxembourg : un siècle au féminin vum Pablo Chimienti (1. Dezember 2018)
  7. paperjam.lu: Ces femmes qui font l'histoire vum France Clarinval (5. Dezember 2018)