Stefano Bensi

Vu Wikipedia
Stefano Bensi
Gebuer 11. August 1988
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 177 Zentimeter
Veräin/Ekipp Fola Esch,
US Rëmeleng,
F91 Diddeleng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Fola Esch

De Stefano Bensi, gebuer den 11. August 1988 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller[1].

Hien huet vun 2005 bis 2009 fir US Rëmeleng gespillt. Duerno war hie beim KMSK Deinze an der Belsch. A vun 2009 bis 2012 huet hie fir den F91 Diddeleng gespillt. Vun 2012 un ass hie bei der CS Fola Esch[2].

Zanter dem 11. Oktober 2008 spillt hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Stefano Bensi op der Websäit vun der UEFA
  2. Portrait vum Stefano Bensi op der Websäit vun National Football Teams
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum Stefano Bensi um site european football