Aretha Franklin

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aretha Franklin
Gebuer 25. Mäerz 1942
Memphis
Gestuerwen 16. August 2018
Detroit
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Pianist, Komponist
Partei Demokratesch Partei


D'Aretha Louise Franklin, gebuer de 25. Mäerz 1942 zu Memphis a gestuerwen de 16. August 2018 zu Detroit[1], war eng amerikanesch Soul-Sängerin, Instrumentalistin a Pianistin.

D'Aretha Franklin gouf och d'„First Lady of Soul“ oder „Queen of Soul“ genannt. Hire musikalesche Spektrum huet och den R&B, Gospel, Jazz bis hin zum Pop an Dance abegraff. An hirer joerzéngtelaanger Karriär gouf si e puermol mam Grammy, dem wichtegsten amerikanesche Musekspräis ausgezeechent.

Hiren Nummer-Eent-Hit Respect gouf d'Lidd vun der afroamerikanescher Befreiungs- an der Fraebeweegung. 1987 gouf si als éischt Fra an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. D'Musekszäitschrëft Rolling Stone huet si 2010 zur beschter Sängerin vun allen Zäite gekréint. D'Aretha Franklin gehéiert zu den Interprete mat de meescht verkaafte Placke weltwäit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aretha Franklin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Aretha Franklin - First Lady of Soul am Alter vu 76 Joer gestuerwen op rtl.lu de 16. August 2018