Miguel Díaz-Canel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Miguel Díaz-Canel
Miguel Díaz-Canel (cropped).jpg
Gebuertsnumm Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez
Gebuer 20. Abrëll 1960
Placetas
Nationalitéit Kuba
Educatioun Universidad Central Marta Abreu de las Villas
Aktivitéit Ingenieur, Lecteur, Politiker
Partei Kommunistesch Partei vu Kuba
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Miguel Mario Díaz-Canel Bermúdez, gebuer den 20. Abrëll 1960 zu Placetas, ass e kubanesche Politiker an zanter dem 19. Abrëll 2018 deen 19. President vu Kuba.

Virdru war hien, vun 2013-2018, Éischte Vizepresident vum kubanesche Staatsrot a vum Ministerrot.Hien ass zanter 2003 Member vum Politbüro vun der kommunistescher Partei vu Kuba, a war tëscht Mee 2009 a Mäerz 2012 Héichschoulminister.

Den 18. Abrëll 2018 gouf hien als den Nofolger vum Raúl Castro, zum President vum Staatsrot a vum Ministerrot (an domat zum Staatspresident) designéiert an den Dag drop vereedegt.

Hien ass Elektoingenieur vu Formatioun.

Hien ass fir d'zweet bestuet an huet zwee Kanner vu senger éischter Fra.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Miguel Díaz-Canel – Biller, Videoen oder Audiodateien