Giuseppe Conte
Giuseppe Conte | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
8. August 1964 Volturara Appula |
Nationalitéit | Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Jurist, Politiker, Akademiker, Affekot |
Partei | Onofhängeg |
Member vun | Association Henri Capitant des amis de la culture juridique française |
Den Giuseppe Conte, gebuer den 8. August 1964 zu Volturara Appula, ass en italieenesche Jurist a Politiker (ouni Partei). Hien ass zanter dem 1. Juni 2018 President vum Ministerrot (d.h. Ministerpresident) vun Italien.
Hien ass Professer fir Privatrecht op der Universitéit Florenz an op der Universitéit LUISS zu Roum, an ass als Affekot um Barreau vun der Corte Suprema di Cassazione ageschriwwen.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
No de Parlamentswale vum 4. Mäerz 2018 huet de Staatspresident Sergio Mattarella d'Delegatioune vum Movimento 5 Stelle a vun der Lega Nord den 21. Mee 2018 domat chargéiert, eng Regierung ze forméieren. Hir Spëtzekandidate Matteo Salvini a Luigi Di Maio hunn den Giuseppe Conte als neie Ministerpresident proposéiert. Den 23. Mee 2018 krut de Conte offiziell d'Charge vum Staatspresident, eng Regierung ze forméieren. Den 1. Juni 2018 huet de Matarella d'Regierung vum Conte, déi aus 18 Ministere besteet, ernannt. De 5. a 6. Juni 2018 hunn de Senat an d'italienesch Chamber der Regierung hiert Vertrauen ausgesprach.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Giuseppe Conte – Biller, Videoen oder Audiodateien |