Op den Inhalt sprangen

Abdel Fattah al-Sissi

Vu Wikipedia
Abdel Fattah al-Sissi
Funktioun
6. President vun Egypten
8. Juni 2014 -
Virgänger Adli Mansur (interim)
Mohammed Mursi
Partei Onofhängeg
Biographie
Gebuer 19. November 1954
Kairo
Nationalitéit Egypten
Educatioun Egyptesch Militärakademie,
United States Army War College
Gielercher Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Uerde vum Infant Dom Henrique, Ordre national du Mérite, Grand-croix de la Légion d'honneur
Bestuet mat Entissar Amer (1977–)

Den Abdel Fattah Saeed Hussein Khalil al-Sissi, (Arabesch: عبد الفتاح سعيد حسين خليل السيسي), gebuer den 19. November 1954 zu Kairo, ass en egyptesche Militär a Politiker. Den 28. Mee 2014 gouf hien zum President vu sengem Land gewielt.

De Sissi huet 1977 op der egyptescher Militärakademie studéiert. Hien huet donp an der Infanterie gedéngt, wou en op den Ëmgang mat Antitankswaffe spezialiséiert war.

2008 gouf de Sissi Commandant vun der Nërdlecher Militärregioun Alexandrien. Duerno gouf en Direkter vum Militäreche Geheim- a Sécherheetsdéngscht. Hie gouf geschwë Member vum Ieweschte Rot vun der Arméi, an am August 2012 gouf e vum President Morsi zum President vun dem Rot ernannt a gouf gläichzäiteg Verdeedegungsminister.

Den 1. Juli 2013 huet d'Arméi dem President Morsi een Ultimatum gesat, fir datt e soll bannent 2 Deeg d'politesch Kris léisen. Den 3. Juli huet se, wéi d'Ultimatum ofgelaf war, de President ofgesat. De President vum Verfassungsgeriicht, den Adly Mansour, gouf Interimspresident. Deen huet am Januar 2014 de Sissi zum héchste Rang vun engem Marschall befërdert.

De 26. Mäerz huet de Sissi seng militäresch Funktiounen néiergeluecht, fir fir d'Presidentewale kënnen ze kandidéieren. Hien huet déi Walen, déi vum 26. bis den 28. Mee 2014 waren, gewonnen. Hier gouf den 8. Juni 2014 vereedegt.

 Commons: Abdel Fattah al-Sissi – Biller, Videoen oder Audiodateien