Marjan Šarec

Vu Wikipedia
Marjan Šarec
Gebuer 2. Dezember 1977
Ljubljana
Nationalitéit Slowenien, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
Educatioun Universitéit vu Ljubljana
Aktivitéit Journalist, Politiker, Komiker, Televisiounsschauspiller, Clown
Partei Gibanje Svoboda

De Marjan Šarec, gebuer den 2. Dezember 1977 zu Ljubljana, ass e sloweenesche Schauspiller a Politiker (LMŠ). Hie war vum 17. August 2018 bis zum Récktrëtt vu senger Regierung, de 27. Januar 2020, Ministerpresident vu Slowenien.

De Šarec huet op der Akademie fir Theater, Radio, Film an Tëlee studéiert an ass uganks der 2000er Joren als Komiker a Cabarettist opgetrueden.

2010 huet hien ugefaangen, sech politesch z'engagéieren, a gouf als Buergermeeschter vu Kamnik, am Norde vu Slowenien, gewielt, an 2014 erëmgewielt. 2017 war hie Kandidat bei de sloweenesche Presidentschaftswalen, huet awer am zweeten Tour géint de Borut Pahor verluer.

Bei de Parlamentswalen am Juni 2018 gouf seng Partei, d'LMŠ, ënner senger Féierung mat 13% vun de Stëmmen an d'Parlament gewielt. De 17. August 2018 gouf hie Premierminister vun enger Minoritéitsregierung[1].

Dës ass de 27. Januar 2020 zeréckgetrueden, nodeems d'oppositionell Partei Levica d'Minortiéitsregierung net méi geduldt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marjan Šarec – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Marjan Sarec bildet Kabinett: Minderheitsregierung in Slowenien." zdf.de, 2018-08-17.