Amos Oz

Vu Wikipedia
Amos Oz
Gebuertsnumm Amos Klausner
Gebuer 4. Mee 1939
Jerusalem
Gestuerwen 28. Dezember 2018
Petah Tikva
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Israel
Educatioun Hebräesch Universitéit Jerusalem
Aktivitéit Linguist, Journalist, Romancier, Iwwersetzer, Essayist, Pedagog, Universitéitsprofesser, Kannerbuchauteur, Dichter, Schrëftsteller
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Kanner Fania Oz-Salzberger

Den Amos Oz (Hebräesch: עמוס עוז), gebuer als Amos Klausner de 4. Mee 1939 zu Jerusalem, a gestuerwen den 28. Dezember 2018[1] zu Tel-Aviv, war en israeelesche Schrëftsteller, Journalist an Intellektuellen. Hien huet eng ganz Rëtsch Romaner, Erzielungen, Essayen an och 3 Kannerbicher geschriwwen, déi a 34 Sproochen iwwersat gi sinn an hien zu engem vun de renomméiertsten an och zum am meeschten iwwersaten israeeleschen Auteur maachen. Hie krut dofir och eng ganz Rëtsch international Distinctiounen, wéi de Friedenspreis des Deutschen Buchhandels, den Israel-Präis, de Goethepräis, de Prënz-von-Asturien-Präis den Officier de l'Ordre des Arts et des Lettres, an enger sëllegen Éierendoktorater.

Hie war laang Jore Professer fir hebräesch Literatur op der Ben-Gurion-Universitéit vun Negev zu Be'er Scheva.

Nieft sengem literaresche Wierk gouf den Oz och fir seng Aarbechten als politesche Journalist an Aktivist bekannt, woubäi de Konflikt am Noen Osten hien am meeschte beschäftegt huet. Hie war an deem Zesummenhank ee vun de prominente Promoteure vun der Iddi vun enger "Zwéi-Staate-Léisung" a war ee vun de Matgrënner vun der Friddensbeweegung Peace Now.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amos Oz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Trauerfeier: Israel nimmt Abschied von Amos Oz." zeit.de 2018-12-31, gekuckt 2019-01-02