Stan Lee

Vu Wikipedia
Stan Lee
Gebuertsnumm Stanley Martin Lieber
Gebuer 28. Dezember 1922
Manhattan
Gestuerwen 12. November 2018
Cedars-Sinai Medical Center
Doudesursaach akuten Häerzinfarkt
Nationalitéit USA
Aktivitéit Editeur, Comicauteur, Editeur, Filmproduzent, Journalist, Science-Fiction-Schrëftsteller, Filmschauspiller, Zaldot, Televisiounsmoderateur, Dréibuchauteur, Direkter, Synchronspriecher, Delegéierte Produzent, Schrëftsteller

De Stan Lee, gebuer den 28. Dezember 1922 als Stanley Martin Lieber zu New York, a gestuerwen den 12. November 2018 zu Hollywood Hills, Los Angeles a Kalifornien, war en US-amerikanesche Comicszeechner a -redakter. Zesumme mat Zeechner, wéi dem Jack Kirby an dem Steve Ditko huet hie fir Marvel Comics eng Rei vu klassesche Superhelden erfonnt. De Lee a seng Mataarbechter waren déi Éischt, déi komplex Figuren an en duerchduecht kollektiivt Universum an d'Welt vun de Superhelden erabruecht hunn. De Lee huet aus dem klengen Verlag Marvel Comics eng grouss Mediefirma gemaacht.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank[änneren | Quelltext änneren]

De Stanley Lieber gouf 1922 an den USA gebuer. Seng Eltere waren den Jack Lee Lieber an d'Celia Solomon, Judden, déi aus Rumänien an d'USA emigréiert waren. Als Teenager huet de Lee als Kopéierassistent fir den Editeur Martin Goodman  bei Timely Publications geschafft. Aus Timely gouf méi spéit dunn Marvel Comics. Kuerz duerno huet de Lee och ugefaangen Comicken ze schreiwen an hie gouf am Alter vu 17 Joer dee jéngste Redakter am Comicberäich. 1941 koum seng éischt publizéiert Aarbecht eraus, eng Textsäit an engem Captain America Comic, déi hie mat dem Pseudonym Stan Lee ënnerschriwwen hat.

Wärend dem Zweete Weltkrich war de Lee an der amerikanescher Arméi engagéiert, wou hien Instruktiounen, Trainingsfilmer, Sloganen an heiansdo Cartoone geschriwwen huet. Seng militäresch Klassifikatioun war „Playwright“ ((lb)„Dramaturg, Bünenauteur“), eng Aktivitéit fir déi nëmmen néng Männer an der Arméi virgesi waren. Nom Zweete Weltkrich ass hie bei Timely zeréck gaangen.

Ufanks vun den 1950er-Jore gouf verstäerkt behaapt, datt Comicken e schlechten Afloss op d'Jugend hätten, wouvu besonnesch déi populär Horrorcomicke betraff waren. Fir awer weiderhi publizéieren ze kënnen, hunn d'Comicsediteuren sech enger Selbstzensur ënnerluecht an doropshin de strenge Comics Code agefouert. Zur selwechter Zäit ass awer och d'Popularitéit vun de de Superheldecomicken zeréck gaangen. 1952 ware Superman, Batman a Wonder Woman, alleguer vun DC Comics, déi eenzeg Titelen, déi reegelméisseg erauskoumen. Wéinst dëser Entwécklung huet de Lee an där Zäit Comicke fir verschidde Genrë geschriwwen. Um Enn vum Joerzéngt hat hie souguer dru geduecht, mam Comicschreiwen opzehalen.

D'Marvel-Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

An de spéiden 1950er-Joren huet DC Comics de Superheldegenre erëm opliewe gelooss. Déi nei Serien The Flash an Justice League of America déi erausbruecht goufen, ware ganz erfollegräich an de Martin Goodman huet de Lee beoptraagt en neit Team vu Superhelden ze schafen. De Lee huet doropshin 1961 zesumme mam Jack Kirby d'Fantastic Four geschaf.

Nom erfollegräichem Start vun der Serie hunn de Lee an de Kirby kuerz drop Hulk, Iron Man, Thor an X-Men erausbruecht. Mam Bill Everett huet de Lee Daredevil a mam Steve Ditko Doctor Strange a Spider-Man kreéiert.

Seng Carrière méi spéit[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Méi spéit gouf de Lee zu enger Galiounsfigur fir Marvel Comics. Hien ass op Comic-Conventions a ganz Amerika opgetrueden, huet Liesunge gemaacht an u Produktiounsdiskussiounen deelgeholl. 1981 ass hien a Kalifornien geplënnert fir Tëlees- a Filmprojete vu Marvel z'ënnerstëtzen. Hie war Produzent ((en) „executive producer“) vu ville Filmer, déi op Marvel-Charaktere baséiert hunn an hat a ville Filmer Cameo- oder Gaaschtoptrëtter.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Stan Lee, George Mair: Excelsior! The Amazing Life of Stan Lee. Fireside, New York NY, ISBN 978-0684873053.
  • 2003: Jordan Raphael, Tom Spurgeon: Stan Lee and the Rise and Fall of the American Comic Book. Chicago Review Press, Chicago IL, ISBN 978-1556525063.
  • 2015: Stan Lee, Peter David, Colleen Doran: Amazing Fantastic Incredible: A Marvelous Memoir. Touchstone, ISBN 978-1501107726.
  • 2017: Bob Batchelor: Stan Lee: The Man behind Marvel, Rowman & Littlefield, ISBN 978-1442277816.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stan Lee – Biller, Videoen oder Audiodateien