Captain America

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Captain America
Createur Jack Kirby
Geschlecht männlech
Gebuer Brooklyn
Aktivitéit Militär
Universum
Aus Marvel Universum
Produktiounsland USA
Originalrepresentatioun vum Captain America sengem Schëld.

De Captain America ass e fiktive Comicspersonnage, Superheld dee säin Optrëtt an US-amerikanesche Comicsbicher hat a vu Marvel Comics erausbruecht gouf. Fir d'éischt gouf e vum Joe Simon zesumme mam Jack Kirby gezeechent[1] an hat säin Debut am éischte Comic vun der Captain-America-Comics-Rei[2] am Mäerz 1941. D'Comicsrei gouf vum Virgänger vun de Marvel Comics an zwar vum Timely Comics[3] erausginn.

Geschicht vun der Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Iddi hannert dësem Personnage ass ganz kloer am Kontext vum Zweete Weltkrich ze gesinn, wou een e patriotesche Superheld duerstelle wollt, dee fir d'Fräiheet vun den Natiounen a besonnesch vun Amerika géint Däitschland kämpfe sollt. Captain America sollt ee vun de gréissten Erfollege fir Timely Comics duerstellen, mee mam Enn vum Krich huet d'Popularitéit an och d'Nofro vu sou engem “Krichsheld” ëmmer méi nogelooss an doropshi gouf d'Produktioun vun neie Comic am Joer 1950 agestallt, an eréischt kuerzfristeg ab 1953 erëm produzéiert. De Superheld huet de Comeback mat Marvel Comics geféiert an ass ab 1964 erëm publizéiert ginn bis haut.

De Kontext hannert dem Captain America ass de fragille Personnage vum “Steve Rogers”, aus wiem duerch een Experiment vun der US Regierung ee sougenannte “Supermensch” kreéiert gouf, deen an allen Hinsichten engem normale Stierflechen iwwerleeën ass. Dofir passt et och datt säin äusseres aus engem Kostüm vum Amerikanescher Fändel besteet. Ausserdeem ass en bewaffent mat engem quasi onzerstéierbarem Schëld deen hie selwer als Projektil schéisse kann. Nom Enn vum zweete Weltkrich, gouf en an Eis gefaange bis en Hautdesdaags erëm erwëscht gouf. Am Laf no sengem erwësche geréit hien oft a Konflikt mat sengen eegenen Idealer déi aus enger anerer Zäit stamen a sech eiser Gesellschaft upasse mussen. Duerch seng Beléiftheet am Marvel Universum bei der Arméi an den aneren Superhelden, steigt en spéiderhin zum Chef vun den Avengers op.

Zu senger Verëffentlechung kann ee soen datt hien den éischte Marvel Comic Personnage war deen ab 1944 an d'Welt gesat gouf. D'Figur vum Captain America zielt zu dem top 6 Ranking vun den 100 Comic Bicher Helde vun der amerikanescher Media Internetsäit “IGN”[4].

Also kann een festhalen datt d'Ursaache vun senger Kreatioun zemools dem Amerikanesche Patriotismus am zweete Weltkrich zougeschriwwe ka ginn. Dorausser léisst sech och de Risenerfolleg am “Golden Age” erklären deen déi Figur hannert dem Captain America wärend de Krichsjoren hat: duerch Duerstellung vun engem jonke Steve Rogers, onsportlech, kleng, onopfälleg deen zum Super Zaldot mutéiert an deen allen Kriterien vun engem Superheld entsprécht.

Originnen am Golden Age[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1940 ass den Joe Simon op d'Iddi komm eng Skizz vun engem patriotesche Super-Amerikaner ze zeechnen, mä amplaz en och sou ze nennen huet en decidéiert fir e “Captain America” ze deefen, well et scho genuch aner wuertwiertlech Super Helde gouf. Ëmmer erëm betount den Joe Simon datt de Captain America ausschliisslech eng politesch Kreatioun ass déi virun allem duerch den Zweete Weltkrich an d'Liewe geruff gouf.

Den aller éischte Band ass am Mäerz 1941, also en halleft Joer virun dem Ugrëff op Pearl Harbor an dem eigentlechen Agräife vun der US-Regierung am Krich erauskomm. De Cover vun der éischten Editioun weist de Protagonist wéi hie géint den Adolf Hitler kämpft an him eng Fauscht gëtt, a verkeeft iwwer eng Millioun Kopien. No dësem Erfolleg steigt de Comic rapid zu dem meescht prominente Superhelden déi an dëser Zäit opkommen. Des Zäit ass och nach bekannt am engleschen ënnert dem Begreff “The Golden Age”, wou besonnesch patriotesch Comics wei de Captain America extreem Erfolleg geféiert hu wärend an no de Krichsjoren. Interessanterweis war dem Captain America säi Schëld net ëmmer ronn, a war am Ufank dräieckeg geformt, mä aus diverse Grënn well et ze vill anere Superhelde geähnelt huet gouf et an der Ausgabe 2 zu engem ronne Schëld geännert. Souguer de spéideren Direkter vun de Marvel Comics, de Stanley Lieber deen hautdesdaags bekannt als Stan Lee huet bei der Ausgabe 3 um Comic selwer mat geschafft, ab wou ennert anerem de Captain America säi Schëld als Waff benotze konnt. Schnell ass Captain America dann och zum erfollegräichste Comic vun “Timely Comics” ginn.

De Comic krut direkt no der éischter Ausgab souguer en eegene gewidmete Fanclub, déi sougenannt “The Sentinels of Liberty”[5], deen aus jonke Lieser bestane huet. Am Dezember 1941, also no der Attack op “Pearl Harbor” war de Captain America op der Lescht vun de meescht verkaafte Comics weltwäit. Seng Erschaffer goufe souguer vun der Konkurrenz a Form vun DC Comics ugelackelt a fort vum eigentlechen Unternehmen gezunn, mee den Ersatz a Form vum Stan Lee haten d'Situatioun ënnert Kontroll. Ab 1944 krut de Comic Band dann och en ikonesche Status. Mee den Erfolleg sollt wéi schonn ernimmt net ëmmer unhalen, an no dem Enn vum Krich gouf de Captain America an och d'Nofro vu patriotesche Superhelden ob Eis geluecht. An enger Story déi an de leschte Krichsdeeg spillt, probéiert de Protagonist an säi Compagnon eng Bomm op engem Fliger ze entschäerfen, mee s'explodéiert an de Captain America fält an d'Mier wou en dann bis zu sengem Wiedererweschen an Ais gefaange bléift. Am Band Nummer 73 goufen d'Captain America Comics agestallt, an eréischt véier Joer drop erëm a Produktioun geholl an der Serie “Young Man” déi vun den “Atlas Comics” erausbruecht ginn ass. Mee leider stellt sech och des Produktioun als keen Erfolleg eraus well se kommerziell keng Intresse vum Publique krut an erëm am September 1954 agestallt gouf.

Resurektioun am Silver Age[änneren | Quelltext änneren]

An den Ufäng vun 1960, mat dem wuessenden Interessen un engem Publique vun de Marvel Superhelden, war d'Zäit och erëm komm fir de Captain America an d'Liewen ze ruffen. Am Avengers Nummer 4 am Joer 1964 gouf fir d'éischt opgekläert datt de Steve Roges net am Flugzeug Crash am Nordatlantik gestuerwe war, mee just gefaangen am Eis. Déi deemools nei gegrënnt “Avengers” hunn dësen erëmfonnt an erëm an d'Liewe geruff. Doropshi schléisst sech de Captain America den Avengers un a kritt séier ënnert hinnen d'Leader Positioun.

An engem Joer ass seng Beléiftheet erëm esou grouss ginn datt en erëm säin eegent Band “Tales of Suspense”[6], wat e sech mam Iron Man gedeelt huet, krut, a war erëm um Wee fir eng Ikon ze ginn. Trotz dem Erfolleg, huet de Captain America et ni fäerdeg bruecht an der Zäit un Marvel's Top-Superhelde wat Verkafszuelen ugeet, wéi Spider-Man oder d'Fantastic Fours erun ze kommen[5].

Modern Era[änneren | Quelltext änneren]

Ab 1970 haten de Stan Lee, an de Kirby d'Produktioun vum Comic verlooss, an d'Verkafszuele waren erëm um erof goen. An dëser Zäit ass de jonken Schrëftsteller Steve Englehart un d'Rudder komm, an huet de Captain America a senge Geschichte benotzt fir op Politik a Geschehnisser an der Welt Opmierksam ze maachen. Ee Beispill wier hei d”Watergate”[5] Skandal wou d'Wäiss Haus dann als béist geheim Imperium enttarnt gëtt wat voller Korruptioun stécht wat de Captain America nodenklecht stemmt.

Ab 1975 ass de Kirby als Schrëftsteller an als Artist erëmkomm an ab do hunn ëmmer erëm nei Schrëftsteller un dem Personnage hannert dem Captain America geschafft. Den Erfolleg ass konstant bliwwen, a war souguer esou héich datt de Captain America seng eege Verfilmungen 2011 krut souwéi mega Blockbustere vun Marvel wéi “Avengers” (2012) eng Roll fonnt huet.

Profil vum Captain America – Steve Rogers[änneren | Quelltext änneren]

De Steve Rogers, ass en aarmt Weesekand dat de 4. Juli 1920 gebuer ass, a wat sech am Ufank vum zweete Weltkrich dozou entscheet der Armée bäizetrieden. Leider gëtt en bei der Umeldung net ugeholl well en de Krittäre vun der Arméi net entsprécht wéinst senger klenger Gréisst a sengen ënnerentwéckelte Muskelen. Mä de Professer Abraham Erskine[6], e Pionéier an der Entwécklung vu “Super-Zaldoten” erkennt d'Potential deen am Charakter vum Steve Rogers stecht fier seng eege Fuerschung a freet de Steve op e bereet wier un engem Experiment fir d'Minimiséierung vum Mënschleche Kierper matzemaachen. De Steve Rogers akzeptéiert an hellt um Experiment deel, wou hien en Serum, an eng speziell Form vun Stralung ausgesat gëtt a kuerz drop zum Super Zaldot mutéiert. No der Verwandlung besetzt de Steve elo iwwert Super Stäerkt, Flexibilitéit, Agilitéit, an iwwert e grousse Kierperbau mat ville Muskelen, also de geneeë Géigendeel vu sengem alen Ego. Mee leider muss e matverfollege wéi en Nazi Spioun säi Wëssenschaftler Erskine ermort an dobäi verséchert, datt de Steve fir ëmmer den eenzege vun senger Zort bléift.

Séier gëtt e vun der US- Regierung rekrutéiert an ausgebilt déi d'Potential a sou engem Zaldote fir hier Krichszwecker dran erkennen. En bléift onerkannt a senger Identitéit als Steve Rogers an der Arméi, mee schläicht sech owes fort fir Geheim Missiounen ze erleedegen als Captain America. Kuerz drop kënnt en dann och zu sengem onzerstéierbarem Schëld, wat gläichzäiteg seng Bewaffnung/Verdeedegung ass. Am Laf vun senger Karriäre kämpft en ëmmer erëm géint all Zort vu Béisewiichter a probéiert senge Moraleschen Idealer fir Fräiheet a géint d'Ongerechtegkeet vun de Schwaachen ze kämpfen.

Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Dem Captain America seng Fäegkeete bestinn aus senge Kampferfahrungen a sengem schlauen takteschen Denken, wat en zu engem exzellente Kommandant mécht. Duerch seng Verwandlung goufen ënner anerem och seng Sënner souwéi seng Reflexer iwwerduerchschnëttlech geschäerft, an hien huet ënner anerem och Kenntnesser vun all Zorte vu Kampfaarttechniken. No Joren Training mat sengem Schëld, kann hien deen och quasi als Speer schéissen, dee verschidden Ziler hannereneen treffe kann oder e benotzt säi Schëld wéi e Boomerang deen d'Zieler trëfft an erëm bei hien zeréckflitt. Ausserdeem zielt en am Marvel Universum als ee vun de beschten Hand-Kämpfer duerch seng Erfarung a seng Stäerkt mam Serum.

Waffen[änneren | Quelltext änneren]

Zu dem Captain America senge Waffen ziele säi Schëld a seng Uniform, déi quasi wéi säi Schëld zu senger Verdeedegung zielt well se Kugelen offänke kann. Zu sengem Schëld kann ee soen datt en am Ufank ëmmer erëm en anert hat, well déi meescht ëmmer just eng Missioun iwwerlieft hunn. Dat huet sech geännert wéi d'US- Regierung e Schëld erfonnt huet dat aus dem fiktionale Material Vibranium bestanen huet. De Vibranium hätt anscheinend fir Panzeren am Zweete Weltkrich benotzt solle ginn, mä koum du just beim Schëld an den Asaz.

Relatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Alliéiert Kontrahenten
Hulk Viper
Thor Superia
Iron-Man Red Skull
Hawkeye Crossbones
Winter Soldier Baron Zemo

An den eelere Comics huet de Captain America och e Begleeder, an zwar de Bucky Barnes, deen him souzesoen ëmmer zur Säit stoung, an him bei all senge Missioune gehollef huet. Dee gouf awer am Laf vun de Joren (Silver Age) erausgeholl an eréischt viru kuerzem erëm, a Form vum Winter Soldier an d'Geschicht agebaut[7]. Am Laf vun senger Karriär huet de Captain America vill Bekanntschafte mat anere Superhelden, mä och mat ville Kontrahente gemaach[8].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. https://filmschoolrejects.com/74-years-of-captain-america-a-history-of-marvels-america-iest-superhero-9ed077efb670/
  2. https://www.comics.org/issue/1313/
  3. https://www.superherostuff.com/biographies/captainamericabiography.html captain america biography
  4. https://www.ign.com/lists/comic-book-heroes/
  5. 5,0 5,1 5,2 https://www.britannica.com/topic/Captain-America
  6. 6,0 6,1 https://comicvine.gamespot.com/captain-america/4005-1442/
  7. https://comicvine.gamespot.com/bucky-barnes/4005-40470/
  8. https://www.marvel.com/characters/captain-america-steve-rogers/in-comics/profile