Batman

Vu Wikipedia
Batman
Een, deen als Batman verkleet ass.
Createur Bob Kane, Bill Finger
Ass en(g) Comicfigur, fiktive Mënsch, Televisiounsfigur, animéiert Figur
Geschlecht männlech
Gebuer Gotham City
Aktivitéit Geschäftspersoun, Detektiv, Superheld, Philanthrop, Kampfsportler
Famill
Liewenspartner(in) Catwoman, Talia al Ghul, Julie Madison, Vicki Vale, Silver St. Cloud, Sasha Bordeaux, Wonder Woman
Papp Thomas Wayne
Mamm Martha Wayne
Kanner Dick Grayson, Jason Todd, Cassandra Cain, Tim Drake, Damian Wayne
Universum
Aus DC-Universum
Present am Batman Begins,
The Dark Knight,
The Dark Knight Rises,
Batman: The Brave and the Bold,
Injustice: Gods Among Us,
Injustice 2
Produktiounsland USA

De Batman (englesch fir Fliedermaus-Mann) ass eng Comicfigur, déi vum Bob Kane erfonnt a vum Bill Finger weiderentwéckelt gouf. Déi éischt Episod koum am Mee 1939 am Comic-Heft Detective Comics (Editioun 27) eraus; de Verlag, deen et erausbrucht huet, huet sech méi spéit an DC Comics ëmgenannt a gehéiert ewell der Time Warner.

Anescht wéi aner Superhelden huet de Batman keng iwwernatierlech Kräften: Hien ass a Wierklechkeet de Milliardär Bruce Wayne, deen als Kand huet missen erliewen, wéi seng Eltere bei engem Iwwerfall erschoss goufen, a sech doropshi geschwuer huet, déi Béis a senger Stad Gotham City ze bekämpfen. Wéinst deem Kandheetstrauma benotzt hie keng Schosswaffen, ma huet sech selwer Kampf- a Verdeedegungstechnike bäibruecht, grad wéi och en exceptionellt Wëssen an der Chimie, Physik, Technik, Kriminalistik, asw. Hie weist deemno och mënschlech Schwächten, wat e beim Public méi beléift mécht wéi dee méi aseptesche Superman. De Buttler Alfred, deen en nom Doud vu sengen Eltere groussgezillt hat, ass seng trei Hëllef fir seng Missiounen ze preparéieren.

E wichtegen Accessoire bei sengem Costume (enger Mask mat "Fliedermausoueren" an eng Cape), ass d'Ceinture, eng Zort Wonnerkëscht mat Fumigènen, Chemikalien, engem Seel, Batarang a soss Bataklang, deen ee sou brauch fir sech a leschter Sekonn aus enger quokeleger Situatioun ze retten. Ausserdeem huet hien en Auto entwéckele gelooss, d'Batmobile, an aner technesch Gadgeten. Verstoppt sinn déi an der Bat-Cave, enger Grott ënnert senger herrschaftlecher Villa.

Zu senge bekanntste Feinden, déi dem Batman d'Liewe schwéier maachen, zielt den Joker.

D'Batman-Comics sinn deelweis verfilmt ginn, sief et als Televisiounsserie, sief et als Zeechentrick-Serie oder sief et als Kinosfilmer. Bei de leschtgenannten haten ë. a. ënner der Regie vum Tim Burton de Michael Keaton d'Titelroll, ënner där vum Joel Schumacher de Val Kilmer an den George Clooney, an ënner där vum Christopher Nolan de Christian Bale.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lars Banhold: Batman – Konstruktion eines Helden. Ch. A. Bachmann Verlag, 2008, ISBN 978-3-941030-02-2
  • Scott Beatty: Batman – Die Welt des dunklen Ritters. Dino-Verlag, 2002, ISBN 3-89748-548-6
  • Hannes Fricke: Batmans Metamorphosen als intermedialer Superheld in Comic, Prosa und Film: Das Überleben der mythischen Figur, die Urszene – und der Joker. In: iasl (Internationales Archiv für die Sozialgeschichte der Literatur), 2009 (Link ënner „Aufsätze“)
  • Mark D. White, Robert Arp: Die Philosophie bei Batman – Eine Reise in die Seele des Dark Knight. Wiley-VCH Verlag, Weinheim 2012, ISBN 978-3-527-50681-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Batman – Biller, Videoen oder Audiodateien