Francis Lai

Vu Wikipedia
Francis Lai
Gebuertsnumm Francis Albert Lai
Gebuer 26. Abrëll 1932
Nice
Gestuerwen 7. November 2018
8. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Komponist, Pianist, Filmkomponist, Akkordeonist, Sänger, Museker

De Francis Lai, gebuer de 26. Abrëll 1932 zu Nice a gestuerwen de 7. November 2018, war e franséische Museker a Komponist, deen op Filmmusek, Musek fir Generiquen an op Chansone spezialiséiert war.

Hien huet ënner anerem d'Musek fir d'Filmer Un homme et une femme a Love Story geschriwwen. Fir dee leschtgenannte krut en 1970 den Oscar fir déi bescht Filmmusek.

Chansonen huet hien ë. a. fir d'Édith Piaf, d'Mireille Mathieu, d'Isabelle Aubret, de Philippe Léotard, d'Petula Clark, d'Nicole Croisille, d'Dalida an d'Jacqueline Dulac geschriwwen; bekannt ass och La Bicyclette, dat vum Yves Montand gesonge gouf.

Nieft dem Claude Lelouch, fir deen e bal fir all seng Filmer d'Musek komponéiert huet, huet hien och ë. a. fir d'Regisseuren Terence Young, Jean Delannoy, René Clément, Arthur Hiller, Christian-Jaque an Henri Verneuil d'Musek geschriwwen.

An den 1970er Jore ware vill Generiquë vum neigegrënnte Sender FR3 (haut France 3) vun him.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: L'Intégrale Francis Lai - Claude Lelouch (FGL Productions)
  • 2012: Le Cinéma de Francis Lai (Play Time/FGL Productions)
  • 2016: Francis Lai Anthology (Play Time/FGL Productions)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]