Heinrich Brändli

Vu Wikipedia
Heinrich Brändli
Gebuer 18. Abrëll 1938
Gestuerwen 12. Abrëll 2018
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Ingenieur

Den Heinrich (genannt Heiri) Brändli, gebuer den 18. Abrëll 1938 a gestuerwen den 12. Abrëll 2018, war e Schwäizer Ingenieur a Professer vun der ETH zu Zürich. Hien huet sech sech mat der Transport - a Eisenbunnstechnik beschäftegt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinrich Brändli huet no der Mëttelschoul op der ETH studéiert, wou hien 1961 säin Ofschloss als Bauingenieur gemaach huet. Hien huet zwee Joer laang bei der Stad Zürich am Service vun der Waasseropbereedung geschafft an ass dunn 1963 bei d'Verkehrsbetriebe Zürich (VBZ) gewiesselt. Hien huet do e Funksystem fir d'Kommunikatioun tëscht dem Personal op de Gefierer oder am Reseau an enger zentraler Iwwerwaachungszentral agefouert. Wat am Ufank als Sécherheetsmoossnam geduecht war, gouf duerno och gebraucht fir den ëffentlechen Transport z'analyséieren an z'iwwerwaachen. Sou entstoung den éischte System deen als (de) rechnergestütztes Betriebsleitsystem am ëffentlech Transport agefouert gouf.

Zu Lëtzebuerg huet de Brändli Enn vun den 1980er Joren de Stater Busreseau analyséiert. An zwou Etappen ass dunn 1990 an 1992 de sougenannten „Brändli-Plang“ ëmgesat ginn. D'Linne sinn ë. a. no engem feste Fuerplang a mat engem séieren Takt op de wichtegste Linne gefuer ginn, et goufe Busspueren a speziell Verkéiersluuchte fir den ëffentlechen Transport agefouert, an awer och manner populär Moossname goufe geholl, mam Zil fir den Autosverkéier zu Gonschte vum Bus ze reduzéieren.

Méi spéit huet hien och de Reseau vum TICE reorganiséiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Unkonventionelle öffentliche und paraöffentliche Verkehrssysteme. Nationales Forschungsprogramm Stadt und Verkehr, Zürich 1994, ISBN 3-907118-61-8.
  • Öffentlicher Verkehr im Clinch. Heinrich Brändli, Fredi Bollinger, Hochschulverlag AG an der ETH Zürich, Zürich 1996, ISBN 3-7281-2127-4
  • Zur Bewertung der Wirkung sicherheitsorientierter Massnahmen im Eisenbahnbetrieb. Heinrich Brändli, Rudolf Röttinger, Institut für Verkehrsplanung, Transporttechnik, Strassen- und Eisenbahnbau, ETH Zürich, Zürich 1989, 10.3929/ethz-a-000510558
  • Bewertung der regionalen Erschliessung durch öffentlichen Verkehr. R. Bahman, H. Brändli, W. Züst, GVF-Auftrag; Nr. 21, Generalsekretariat EVED, Dienst für Gesamtverkehrsfragen, Zürich 1993
  • Optimale Haltestellenabstände beim öffentlichen Verkehr. H. Brändli, M. Glaser, G. Junker, Bundesamt für Strassenbau, Forschungsbericht; 24 ; Serie: Forschungsbericht, Vereinigung Schweizerischer Verkehrsingenieur; Nr.25/70, Bern 1981
  • Basiserschliessung : Erschliessungsstandard durch den öffentlichen Verkehr in Abhängigkeit von der Angebots- und Nachfragestruktur. Diss. Techn. Wiss. ETH Zürich, Nr. 8646, 1988. Ref.: H. Brändli ; Korref.: C. Hidber ; Korref.: J. Oetterli, Zürich 1988, 10.3929/ethz-a-000911975
  • Elastische Lagerung von Strassenbahnschienen in Strassen. Eidgenössisches Verkehrs- und Energiewirtschaftsdepartement, Bundesamt für Strassenbau, Bern 1993
  • Einfluss des Anmarschweges auf die Benützung öffentlicher Verkehrsmittel. R. Siegrist, W. Altherr, R. Enz ; Ltg.: H.Brändli, 1987
  • Einfluss von neuen Bahnhofzugängen auf das Fahrgastverhalten. H.Brändli, W.Berg, Institut für Verkehrsplanung und Transporttechnik – ETHZ , Zürich 1979
  • Verkehrszukunft in Zürich. Unimagazin; 2001, Nr. 1
  • Brennpunkt Alpentransit. Magazin der Eidgenössischen Technischen Hochschule Zürich, Nr. 284, S. 40–43; 2002
  • Machbarkeitsstudie zur Bewertung der regionalen Erschliessung durch öffentlichen Verkehr. R. Bahmann, H. Brändli, W. Züst ; GVF Projektbegleitung: GS-EVED, Dienst für Gesamtverkehrsfragen, 1992
  • Think Trac. Ein einfach zu portierendes Traktionsprogramm für die Berechnung von Fahrzeiten im Eisenbahnverkehr, Bearb.: J. Hoessly; Ltg.: H. Brändli, 1993
  • Sicherheit im Schienenverkehr: zum Umgang mit Risiken am Beispiel der Eisenbahn. Verlags-AG der akademischen technischen Vereine, 1990, 10.5169/seals-77550
  • Kostenproblematik des Schienenverkehrs. Bearb.: J. Wichser; Ltg.: H. Brändli, IVT, Institut für Verkehrsplanung, Transporttechnik, Strassen- und Eisenbahnbau, ETH Zürich, 1993
  • Öffentlicher Verkehr zwischen Markt und Politik. Magazin der Eidgenössischen Technischen Hochschule Zürich (1996); Nr. 260, 1996
  • Die S-Bahn als Glied der Transportkette im öV. S-Bahn nach Mass : internationale Studientage in Zürich, 1991
  • Quo vadis... Der Zwang zum (auch) langfristigen Denken und Handeln im Verkehrswesen am Beispiel des öffentlichen Verkehrs. Jahrbuch der Schweizerischen Verkehrswirtschaft 1997/98, 1998
  • Fahrplanabhängigkeit des Fahrgastzuflusses zu Haltestellen. Leitg.: H. Brändli; Bearb.: H. Müller, IVT Berich; Nr.81/5, 1981
  • Planung des öffentlichen Verkehrs in nichtstädtischen Gebieten. Heinrich Brändli, Hans Amacker, Schriftenreihe des IVT; Nr. 74, ETHZ, 1988
  • Aerobus-System : Eignung als «städtisches Massenverkehrsmittel» und Zulassungsfragen. ETH; Institut für Verkehrsplanung und Transporttechnik, 1980

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]