Norman G. Thomas

Vu Wikipedia
Norman G. Thomas
Gebuer 1. Mee 1930
Gestuerwen 19. Mee 2020
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

Den Norman G. Thomas, gebuer den 1. Mee 1930, a gestuerwen den 19. Mee 2020, war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Thomas hat am Lowell-Observatoire mat engem Blénkkomparater geschafft. Ee vu senge Mataarbechter war de Robert Burnham, Jr., den Auteur vum dräibännege Wierk Celestial Handbook.

Den Thomas hat 55 Asteroiden entdeckt, ënner hinnen d'Apollo-Asteroiden (4544) Xanthus an (4581) Asclepius souwéi den Amor-Asteroid (3352) McAuliffe.

Den Asteroid (2555) Thomas gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie