Kenny Rogers

Vu Wikipedia
Kenny Rogers
Gebuertsnumm Kenneth Donald Rogers
Gebuer 21. August 1938
Houston
Gestuerwen 20. Mäerz 2020
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Liddermécher, Museker, Entreprener, Musikant, visuelle Kënschtler, Museksproduzent, Auteur, Fotograf, Kënschtler, Televisiounsschauspiller, Gittarist, Pianist

De Kenneth Donald ("Kenny") Rogers, gebuer den 21. August 1938 zu Houston, am Texas, a gestuerwen den 20. Mäerz 2020 zu Sandy Springs, an Georgia, war en US-amerikanesche Country-Sänger, Songwriter a Schauspiller.

Hie war am Ganze 60 Joer an der Musikbranche akitv. Hien hat an den USA 22 Nummer-eent-Succèsen an huet iwwer 125 Milliounen Toundréier verkaf, wat hien zu engem vun den erfollegräichste Sänger vun der Welt mécht.

Vu sengem Album The Gambler, deen 1978 erauskoum, goufen 30 bis 35 Milliounen Exemplaire verkaaft. Wéinst deem Succès gouf eng Mini-Serie mat deem Titel gedréint - déi éischt iwwerhaapt - an där de Rogeres och d'Haaptroll gespillt huet. En anere grousse Succès war Lady.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kenny Rogers – Biller, Videoen oder Audiodateien