Steve Kaspar
Steve Kaspar | |
---|---|
Gebuer |
29. September 1952 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 5. Oktober 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kënschtler |
De Steve Kaspar, gebuer den 29. September 1952[1] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Oktober 2020[2], war e lëtzebuergesche Kënschtler.
Vun 1976 bis 1988 huet hien haaptsächlech zu Lëtzebuerg an zu Bréissel gelieft, wou e mat Performance-Konscht, Radiospiller, Klangpoesie a Molereien expermentéiert huet.
Op der Musikhochschule Köln huet hie beim Neues Musiktheater matgemaach a studéiert.[3]
Vun 1989 bis 1996 huet hien haaptsächlech gezeechent, an zanter 1997 huet hie virun allem mat Video, audiovisuellen Installatiounen a Klangkompositiounen geschafft. Hien huet Concerten a Perfomancë gemaach, zesumme mat Kënschtler wéi der japanescher Dänzerin Yuko Kominami, dem Ensembel United Instruments of Lucilin, der Trompetistin Herb Robertson, den audiovisuellen Artiste Gast Bouschet/Nadine Hilbert an dem Cellist André Mergenthaler.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Isa, Lucilin & Steve Kaspar op youtube.com
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en)Steve Kaspar. Lëtzebuerger Konschtlexikon. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ De Steve Kaspar ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen." rtl.lu, 06.10.2020 12:20
- ↑ 3,0 3,1 Steve Kaspar: Parcours biographique.