Johnny Nash
Ausgesinn
| Johnny Nash | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | John Lester Nash Jr. |
| Gebuer |
19. August 1940 Houston |
| Gestuerwen |
6. Oktober 2020 Houston |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Liddermécher |
|
| |
Den John Lester Nash Jr., gebuer den 19. August 1940 zu Houston, am Texas, an och do de 6. Oktober 2020 gestuerwen[1], besser bekannt als Johnny Nash, war en US-amerikanesche Pop- a Reggaemuseker a Schauspiller.
Hien huet ë. a. Lidder vum Sam Cooke a vum Bob Marley gecovert. Säi gréissten Hit war 1972 I Can See Clearly Now, deen e selwer, no enger Aenoperatioun, geschriwwen hat. Den Jimmy Cliff hat deen 1993/1994, och mat Succès, nogesongen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1959: Take a Giant Step
- 1960: Key Witness
- 1971: Vill så gärna tro
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Johnny Nash – Biller, Videoen oder Audiodateien |
