Jacinda Ardern
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Jacinda Ardern | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Juli 1980 Hamilton |
Nationalitéit | Neiséiland |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Clarke Gayford |
Papp | Ross Ardern |
D'Jacinda Kate Laurell Ardern, gebuer de 26. Juli 1980 zu Hamilton, an Neiséiland, ass eng neiséilännesch Politikerin vun der New Zealand Labour Party an zanter dem 1. August 2017 hir Parteipresidentin. De 26. Oktober 2017 gouf se als 40. Premierministesch vun Neiséiland vereedegt.
2008 gouf si als Deputéiert an dat Neiséilännescht Parlament gewielt. Nom Récktrëtt vum Andrew Little, Enn Juli 2017, gouf si Parteipresidentin vun der Labour Party an domat Oppositiounsleaderin.
Als Folleg vun de Parlamentswale vum 23. September 2017 huet d'Labour Party sech op eng Koalitioun mat New Zealand First an der Ënnerstëtzung vun der Green Party of Aotearoa New Zealand gëeenegt, an d'Jacinda Ardern gouf Premierministesch.