Herbert Feuerstein

Vu Wikipedia
Herbert Feuerstein
Gebuer 15. Juni 1937
Zell am See
Gestuerwen 6. Oktober 2020
Erftstadt
Nationalitéit Däitschland, Éisträich
Educatioun Mozarteum Salzburg
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Journalist, Iwwersetzer, Theaterschauspiller, Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Den Herbert Feuerstein, gebuer de 15. Juni 1937 zu Zell am See, an Éisträich, a gestuerwen de 6. Oktober 2020 zu Erftstadt, war en éisträicheschen, dunn däitsche Journalist, Kabarettist a Museker[1].

Den Herbert Feuerstein huet tëscht 1956 an 1958 um Salzburger Mozarteum Piano, Clavecin a Kompositioun studéiert, ouni säi Studium ofzeschléissen. 1960 ass e mat senger Fra op New York wunne gaangen[2]. Do huet hie fir déi däitschsproocheg New Yorker Staats-Zeitung, geschafft, där hiren Editeur en 1968 gouf[3]. Hien huet och als "U.S. Korrespondent" fir déi däitsch Satire-Zäitschrëft Pardon geschafft[3].

1969 koum en, no senger Scheedung, zeréck an Europa. Do gouf hien Editeur vum Pardon an dono vum Mad.

Vun 1984 huet hien haaptsächlech fir d'Televisioun geschafft, meeschtens zesumme mam Harald Schmidt, an Emissioune wéi Pssst... (1989–1995) a Schmidteinander (1990–1994)[3]. 1995 hat hien d'Haaptroll am Televisiounsfilm Entführung aus der Lindenstraße. Zweemol,1997 an 1998, huet hien 12 Stonne laang Feuersteins Nacht moderéiert[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Herbert Feuerstein – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kabarettist und Entertainer: Herbert Feuerstein im Alter von 83 Jahren gestorben." faz.net, 2020-10-07
  2. "Studienabbrecher Herbert Feuerstein." spiegel.de, 15. Juni 2007.
  3. 3,0 3,1 3,2 "Herbert Feuerstein ist gestorben – Erste Reaktionen." Hersfelder Zeitung, 7. Oktober 2020
  4. "Herbert Feuerstein ist tot." bild.de, 7. Oktober 2020.