Yoshihide Suga
Ausgesinn
| Yoshihide Suga | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
6. Dezember 1948 Akinomiya |
| Nationalitéit | Japan |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Premierminister vu Japan |
| Auszeechnungen | Gëllenen Olympeschen Uerden |
| Bestuet mat | Mariko Suga |
| Websäit | https://www.sugayoshihide.gr.jp/ |
|
| |
De Yoshihide Suga (Japanesch: 菅 義偉, Suga Yoshihide), gebuer de 6. Dezember 1948 zu Yuzawa, ass e japanesche Politiker an war vum 16. September 2020 bis de 4. Oktober 2021 den 63. Premierminister vu Japan, als Nofollger vum Shinzō Abe.
De Suga ass och nach President vun der Liberaldemokratescher Partei (LDP) an Deputéierten am Shūgiin, der Ënneschter Chamber vum nationale Parlament.
Bis 2009 war hie Member vun der Koga-Faktion, zanterhier ass hien ouni Fraktioun. Vun 2006 bis 2007 war hie Minister fir bannescht Affären a vun August bis September 2007 President vun der Walstrategiekommissioun vun der LDP.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Yoshihide Suga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (japanesch)
