Gotthilf Fischer
Ausgesinn
| Gotthilf Fischer | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
11. Februar 1928 Plochingen |
| Gestuerwen |
11. Dezember 2020 Weinstadt |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Aktivitéit | Dirigent, Chouerdirigent |
| Auszeechnungen | Verdienstkreuz 1. Klasse, Verdienstorden des Landes Baden-Württemberg |
| Websäit | http://www.gotthilf-fischer.de |
|
| |
De Gerhard Albert "Gotthilf" Fischer, gebuer den 11. Februar 1928 zu Plochingen, a gestuerwen den 11. Dezember 2020 zu Weinstadt, war en däitsche Chouer-Leeder, deen absënns am däitschsproochege Raum bekannt war fir d'Fischer-Chöre, déi hien opgebaut hat.
Hie war Autodidakt a konnt keng Noute liesen, ma hat e gutt Showatalent a Gefill, wat bei de Leit ukoum, a sou hat hie vun den 1960er Joren u mat senge Fischer-Chöre reegelméisseg Optrëtter op der däitscher Tëlee. En Héichpunkt war en Optrëtt, mat engem Chouer vun 1000 Sängerinnen a Sänger, bei der Ofschlosszeremonie vun der Foussball-Weltmeeschterschaft 1974.
Mat de Fischer-Chöre ass hien och op Welttournee gaagnen, an hat ë. a. Optrëtter zu Roum, an an den USA.
