Op den Inhalt sprangen

Christophe (Sänger)

Vu Wikipedia
Christophe
Gebuertsnumm Daniel Georges Jacques Bevilacqua
Gebuer 13. Oktober 1945
Juvisy-sur-Orge
Gestuerwen 16. Abrëll 2020
Brest
Doudesursaach Longenemphysem
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Komponist
Auteursrechter Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
Gielercher Commandeur des Arts et des Lettres‎, Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Officier des Arts et des Lettres‎, Chevalier vum Ordre des Arts et des Lettres‎
Famill
Bestuet mat Véronique Kan (1971–16.4.2020),
Audrey Gautier,
Michèle Torr

De Christophe, fir richteg Daniel Bevilacqua, gebuer den 13. Oktober 1945 zu Juvisy-sur-Orge, a gestuerwen de 16. Abrëll 2020 zu Brest, war e franséische Lidderschreiwer a -Komponist a Sänger.

Säi gréisste Succès ass eent vu sengen éischte Lidder, Aline, dat 1965 erauskoum. 1973 an 1974 koume seng Albume Les Paradis perdus a Les Mots bleus eraus, déi gutt Kriticke krute, grad wéi de Pop-Rok-Album Le Beau Bizarre 1978. Säi leschte kommerzielle Succès, deen en hat, war 1983 mat Succès Fou. Nodeems e sech eng Zäit zeréckgezunn hat, huet hien tëscht 1996 an 2016 nach 5 Albume publizéiert, mat als leschtem Les Vestiges du chaos.

Discographie (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1965: Les Marionnettes
  • 1966: J'ai entendu la mer
  • 1967: Excusez-moi Monsieur le Professeur
  • 1973: Les Paradis perdus
  • 1975: Les Mots bleus
  • 1978: Le Beau Bizarre
  • 1996: Bevilacqua
  • 2001: Comm'si la terre penchait...
  • 2002: Live à L'Olympia
  • 2008: Aimer ce que nous sommes
  • 2013: Paradis retrouvé
  • 2014: Intime
  • 2016: Les vestiges du chaos
  • 2019: Christophe etc.
 Commons: Christophe – Biller, Videoen oder Audiodateien