Wanterkrich

Vu Wikipedia
D'Territoiren, déi Finnlnd verluer huet, 1940.

De Wanterkrich (fi.: talvisota, sv.: vinterkriget, ru.: Зимняя война - Simnjaja woina, war e Krich tëscht der Sowjetunioun a Finnland, dee vum 30. November 1939 bis den 13. Mäerz 1940 ausgedroe gouf. E gëtt och alt Sowjetesch-Finnesche Krich (ru.: Советско-финская война - Sowetsko-finskaja woina) oder Sowjetesch-Finnlännesche Krich (ru.: Советско-финляндская война - Sowetsko-finljandskaja woina) genannt.

De 5. Oktober 1939 huet d'Sowjetunioun ënner dem Pretext Finnland kéint seng Neutrarlitéit net verdeedegen, en Hafen an Inselen am finnesche Golf, Positiounen am Norden op der Strooss vu Murmansk (wichtegen äisfräien Hafen) souwéi e Réckzuch vu 70 km op der Grenz am Isthmus vu Karelien verlaangt an huet am Géigenzuch strateegesch onwichteg Territoiren am ëstleche Karelien an d'Plaz ginn, mam Argument, dat wier onentbierlech fir d'strateegesch Sécherheet vu Leningrad ze garantéieren. Well Finnland, dat doran nëmme just eng éischt Etapp gesinn huet bei där sech d'Sowjetunioun dat ganzt Land wollt ënner den Nol rappen, déi Fuerderunge refuséiert hat , huet d'Rout Arméi den 30. November 1939 d'Nopeschland ouni Krichserklärung virdrun, iwwerfall.

Warscheinlech war et och den urspréngleche Plang vun der Sowjetunioun, wéi am Ribbentrop-Molotow-Pakt festgehalen, ganz Finnland fir sech z'erueweren. Den Ugrëff konnt awer ufanks vun der finnescher Arméi, obwuel déi manner grouss a manner staark war, gestoppt ginn. Eréischt no groussen Ëmgruppéierungen a Verstäerkunge konnt d'Rout Arméi am Februar 1940 eng decisiv Offensiv starten an déi finnesch Positiounen op der Mannerheimlinn duerchbriechen. Duerno war et am Schnéi an Äis an engem Terrain met lauter Bëscher a mat Dausende vu Séien och nach net sou einfach fir weider ze kommen, an d'Finnesch Arméi deenen hir Zaldote gutt ausgebilt Schileefer an excellent Tireure waren, hunn d'Saach net méi einfach gemaach. Den 13. Mäerz 1940 gouf mam Friddenstraité vu Moskau de Krich op en Enn bruecht. Finnland konnt seng Onofhängegkeet behalen, huet awer grouss Deeler vu sengem Territoiren, absënns vu Karelien, un d'Sowjetunioun oftriede missen. 420.000 Leit hu missen ëmgesidelt ginn, a Finnland huet sou 10% vu senger Industrie a Landwirtschaftsproduktioun verluer.

Ronn 70.000 Finne goufen an deem Konflikt blesséiert oder doutgemaach. D'Zuel vun de sowjetesche Verloschter ass ëmstridden, si gëtt op e puermol méi héich geschat. Dëse Krich huet d'Lacunë vun der Rouder Arméi däitlech gemaach, wat engersäits déi sowjetesch Militärspëtzt dozou bruecht huet, déif Reformen duerchzeféieren, anerersäits den Hitler an d'däitsch Militär dozou bruecht huet, d'militäresch Stäerkt vun der Sowjetunioun z'ënnerschätzen. Dësen deelweis finneschen Erfolleg fir sech géint déi grouss Sowjetunioun gutt gewiert ze hunn (15 finnesch Divisioune mat jee 15.000 Mann géint 28 russesch Divisioune mat jee 18.000 Mann an 145 al finnesch Fligere géint 1000 modern sowjetescher) war gréisstendeels dem Marschall Mannerheim ze verdanken. Eng grouss Roll dobäi hunn och déi sougenannt Lottae gespillt, Dausende vu Fraen déi d'Zaldoten no alle Méiglechkeeten ënnerstëtzt hunn.

De Krich huet och derzou bäigedroen, de jorelaange Konflikt a Finnland tëscht Rouden a Wäissen, deen zäitweis zu engem Biergerkrich mutéiert war, ze zëssen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Well se zum Deel näischt besseres zur Hand haten, hunn d'Finne Brennes a Fläsche gefëllt, mat enger Lomp drunn, déi gebrannt huet, fir dës haaptsächlech op d'Tankse vum Feind ze geheien. Si hu se "Molotowcocktail" genannt - en Numm, dee bis haut bliwwen ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard W. Condon: Winterkrieg Russland–Finnland. Moewig-Verlag, München 1980, ISBN 3-8118-4302-8
  • Max Jakobson: The Diplomacy of the Winter War: An Account of the Russo-Finnish War, 1939-1940. Cambridge 1961.
  • Allan Sandström: Krieg unter der Mitternachtssonne – Finnlands Freiheitskampf 1939–1945. Leopold Stocker Verlag, Graz 1996, ISBN 3-7020-0747-4.
  • William R. Trotter: A Frozen Hell. Algonquin Books, Chapell Hill 1991, ISBN 978-0-945575-22-1.
  • Anthony Upton: Finland 1939–40. Newark, 1974.
  • Carl van Dyke: The Soviet Invasion of Finland 1939–40. Frank Cass Publishers, London, Portland 1997, ISBN 0-7146-4753-5.
  • Pentti Virrankoski: Suomen historia 2. SKS, Helsinki 2001, ISBN 951-746-342-1.
  • Antti Tuuri: Winterkrieg. Kiepenheuer, Leipzig; Weimar 1992, ISBN 3-378-00504-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Winter War – Biller, Videoen oder Audiodateien