Lordi

Vu Wikipedia
Lordi
Lordi, 2023
Grënnung: 1992
Genre: Hard Rock, Heavy Metal
Websäit: http://www.lordi.fi/
Grënnungsmemberen
Gesank: „Lordi“ Tomi Putaansuu
Fréier Memberen
E-Bass: „G-Stealer“ (Sami Keinänen) (1996-1999)
E-Bass: „Magnum“ (Sami Wolking)(1999–2002)
E-Bass: „Kalma“ (Niko Hurme) (2002–2005)
Keyboard: „Enary“ (Erna Siikavirta) (1997–2005)
Battrie/ Backing Vocals: „Kita“ (Sampsa Astala) (2000–2010)
Battrie: „Otus“ (Tonmi Lillman) (2010-2012)
Keyboard: „Awa“ (Leena Peisa) (2005-2012)
Bassgittar: „Ox“ (Samer el Nahhal) (2005-2019)
E-Gittar: „Amen“ (Jussi Sydänmaa) (1996-2022)
Aktuell Memberen
Gesank: „Lordi“ (Tomi Putaansuu)
E-Gittar: „Kone“ (zanter 2022)
Bassgittar: „Hiisi“ (zanter 2019)
Keyboard: „Hella“ (zanter 2012)
Battrie: „Mana“ (zanter 2012)

Lordi ass eng finnesch Hard Rock-Band, déi 1992 gegrënnt gouf. Se ass wéinst hiren ongewéinleche Monster-Kostümer an hirer aussergewéinlecher Büneshow bekannt.

Hir Musek erënnert un traditionell Hard Rock-Bands wéi z. B. Kiss, Twisted Sister, Accept, Zodiac Mindwarp, W.A.S.P. oder Alice Cooper, gemëscht mat modernen Elementer, wéi elektronesch Kläng.

Aktuell Memberen[änneren | Quelltext änneren]

De Lordi gebuer de 15. Februar 1974 zu Rovaniemi, ass de Sänger a Grënner vun der no him genannter Band. Mat aacht Joer huet en ugefaange Gittar, Bassgittar a Batterie ze léieren an d'Musek vun der Band Kiss ze lauschteren. Hie war duerno de President vum finnesche Kiss-Fanclub, derKISS Army.

Hien ass e Fan vum Hard Rock aus den 80er Joren, wouduerch sech de Musekstil vu senger Band erkläre léisst. De Lordi huet sech selwer zum Make-Up- a Special-Effect-Kënschtler ausgebilt. Do versteet een dann och, datt hien d'Kostümer vu senge Bandmembere selwer entworf huet. Säin eegene Kostüm huet Fliedermausflilléken, déi sech ausklappe loossen a 20 cm héich Plateausschung. De fréiere Schoulmeeschter ass zanter Ufank August 2006 mat der véier Joer méi jonker Johanna Askola bestuet, déi d'Funktioun vu senger perséinlecher Assistentin huet.

Kita, den Drummer

Amen ass de Gittarist vun der Band an ass zanter 1996 dobäi. Hie verkierpert eng Mumie. Säi Kostüm huet uganks nëmmen aus einfache Bandage bestanen, bis déi am Joer 2006 duerch méi en effektvolle Kostüm ausgetosch goufen, deen hie wéi e Pharao ausgesi léisst, deen nees operstanen ass.

Awa ass d'Keyboarderin vu Lordi an déi eenzeg Fra an der Band. Hatt ass zanter Hierscht 2005 dobäi an ersetzt de fréiere Member Enary. Mat fënnef Joer huet et scho Pianospille geléiert war schonn a ville Bands Member. Sou huet et schonn an der Esperantosproocheger Band Dolchamar gesongen a gespillt.

Kita ass de Batteur a stellt en ausserierdescht Monster duer. Hien ass 1998 bei Lordi komm an ass zousätzlech fir den Hannergrondgesank verantwortlech. Säin Numm bedeit iwwersat "d'Schléck". De Kita ass, entgéint de Reprochen, e wier Satanist, e bekennende Chrëscht.

Ox ass de Bassist vu Lordi an zanter Oktober 2005 bei der Band. Uganks huet e mam fréiere Member Kalma trainéiert, éier hien deem seng Plaz iwwerholl huet. Am Januar 2006 huet en da fir déi éischt Kéier mat der Band op der Bün gespillt.

Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 2006 huet Lordi beim finnesche Virentscheed fir den Eurovision Song Contest 2006 deelgeholl. An der éischter Ronn, déi den 13. Januar war, huet d'Publikum fir d'éischt ee vu jeeweils zwéin Titele vun den zwielef Virentscheedunge gewielt, mat deem déi jeeweileg Grupp dann an der zweeter Ronn géint d'gewielt Titele vun den anere Participanten ugetruede sinn.

Mr. Lordi

Lordi ass mat den Titelen Hard Rock Hallelujah a "Bringing Back The Balls To Rock" an der éischter vu véier Semifinallen ugetrueden. Ënnerstëtzt gouf d'Grupp dobäi vum Leadsänger vun den Thunderstones, dem Pasi Rantanen, dee bei béide Lidder d'Background-Vocals bäigesteiert huet. Eng knapps Majoritéit vun de Finnen huet sech fir den éischten Titel decidéiert, deen duerno och déi éischt Singleauskopplung vum Album The Arockalyse sollt ginn.

An der Finall vum finnesche Virentscheed den 10. Mäerz 2006 konnt sech Lordi mat 42,2 % vun de Stëmme géint eelef Konkurenten duerchsetzen.

Domat hu se Finnland an der Semifinall zu Athen den 18. Mee 2006 vertrueden. Do konnte se sech als ee vun zéng Bäiträg fir d'Finall qualifizéieren, wou se schlussendlech mat der Startnummer 17 opgetruede sinn.

Lordi huet den 20. Mee 2006 den Eurovision Song Contest 2006 mat 292 Punkte gewonnen. Domat hu se den Dima Bilan aus Russland (248 Punkten) an Hari Mata Hari aus Bosnien an Herzegowina (229 Punkten) mat 44 resp. 63 Punkte Virsprong iwwerholl. Mat deem Erfolleg huet Lordi fir déi éischt finnesch Victoire beim Eurovision Song Contest gesuergt. Dee Gewënn huet Finnland vu sengem alen Trauma erléist, als eent vun de poeteschste Vëlker vun Europa permanent ënnerbewäert ze ginn.

Wéi no der Finall verëffentlecht gouf, huet Lordi d'Semifinall och mat 292 Punkte viru Bosnien an Herzegowina (267 Punkten) an Russland (217 Punkte) gewonnen.

Kritik am Virfeld[änneren | Quelltext änneren]

No hirer Victoire bei der Virentscheedung an nach méi no hirem Erfolleg an der Semifinall vun der Eurovisioun gouf Lordi Géigestand vun der ëffentlecher Kritik. Virun allem Kierchememberen hunn d'Band kritiséiert a behaapt, Lordi géif de [[Satanismus|satanistësche Glaawe verbreeden. D'finnesch Presidentin Tarja Halonen gouf souguer opgefuerdert, amplaz vu Lordi eng klassesch finnesch Folk-Band op Athen ze schécken. D'Kritiker konnten déi Virwërf awer net duerch d'Texter vun der Band beweisen.

Kritik nom Gewënn[änneren | Quelltext änneren]

D'haaptsächlech Kritik huet sech awer géint den effekträiche Bünenoptrëtt vun der Band geriicht. Mat hiren opwendege Bünekostümer a pyrotechneschen Effekter hätte se d'Nokucker beandrockt, amplaz sech op hir musikalesch Qualitéiten ze verloossen. Et gouf hinne virun allem vun däitsche Schlager-Fans ënnerstallt, de Song Contest zerstéiert ze hunn, andeems se méi Wäert op Show wéi op Musek geluecht hätten.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen:

Singles & EPs:

  • 2002 - Would You Love a Monsterman?
  • 2003 - Devil is a Loser
  • 2004 - Blood Red Sandman
  • 2004 - My Heaven is Your Hell
  • 2006 - Hard Rock Hallelujah
  • 2006 - Would You Love A Monsterman 2006
  • 2006 - It Snows In Hell
  • 2006 - Who's Your Daddy?
  • 2007 - They Only Come Out At Night
  • 2008 - Beast Loose In Paradise
  • 2008 - Bite It Like A Bulldog
  • 2008 - Deadache
  • 2010 - This Is Heavy Metal
  • 2010 - Rock Police
  • 2013 - The Riff
  • 2016 - Hug You Hardcore
  • 2018 - Your Tongue’s Got the Cat
  • 2018 - Naked in My Cellar
  • 2019 - Shake the Baby Silent
  • 2019 - I Dug a Hole in the Yard for You
  • 2020 - Like A Bee To The Honey
  • 2021 - Believe Me

Musikvideoen

  • 2003 - "Devil is a Loser"
  • 2004 - "Would You Love a Monsterman?"
  • 2004 - "Blood Red Sandman"
  • 2006 - "Hard Rock Hallelujah"
  • 2006 - "Who's your Daddy?"
  • 2006 - "Would you love a Monsterman 2006"
  • 2006 - "It snows in Hell"
  • 2008 - "Bite It Like A Bulldog"
  • 2010 - "This Is Heavy Metal
  • 2013 - "The Riff"
  • 2014 - "Scare Force One"
  • 2016 - "Hug You Hardcore"
  • 2018 - "Naked In My Cellar"
  • 2020 - "I Dug a Hole in the Yard for You"
  • 2021 - "Believe Me"

DVD[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006 - Market Square Massacre (Live-Matschnëtt vum "Homecoming"-Concert op der Maartplaz vun Helsinki, Doku iwwer de Song Contest, "The Kin")
  • 2007 - Bringing Back The Balls To Stockholm 2006
  • 2008 - Dark Floors
  • 2008 - Recordead Live – Sextourcism in Z7

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Emma fir dat Bescht Hard Rock/Metal-Album (Get Heavy) - die Emma ass de wichtegste finnësche Musikpräis, vergläichbar mam däitschen ECHO
  • 2006: Gewonne beim Eurovision Song Contest mam Lidd „Hard Rock Hallelujah“
  • 2006: ESC Radio Award 2006 fir déi bescht Grupp

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lordi – Biller, Videoen oder Audiodateien