Dima Bilan

Vu Wikipedia
Dima Bilan
am Joer 2018
Gebuertsnumm Виктор Николаевич Белан
Gebuer 24. Dezember 1981
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Educatioun Russesch Akademie fir Theaterkonscht
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Komponist, Dichter, Mannequin, Schauspiller

Den Dima Bilan (Дима Билан; * 24. Dezember 1981 am nordkaukasesche Karatschai-Tscherkessien) ass e russesche Popsänger. Hien huet 2008 de Eurovision Song Contest fir säin Heemechtland gewonnen, nodeems en dobäi 2 Joer éischter deen Zweete gi war.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Dima Bilan 2008 beim Eurovision Song Contest zu Belgrad, zesumme mam Edvin Marton (lénks) an dem Jewgeni Pljuschtschenko (riets)

Wéi hien e Joer al war, ass den Dima Bilan a seng véierkäppeg Famill bei seng Groussmamm op Naberejnyje Tschelny an Tatarstan geplënnert, wou hie bis zum sechste Liewensjoer gelieft huet. Schonn als Kand war den Dima Bilan Solist am Schoulchouer an huet u ville Concoursen deelgeholl. No senger Première huet en op der renomméierter Gnesin Musekakademie zu Moskau studéiert.

2002 huet e beim Jugendmusekfestival New Wave matgemaach, wou e véierte ginn ass. Duerno huet en e Museksvideo fir d'Lidd Boom verëffentlecht a säin éischten Album Ja notschnoj chuligan (2003) erausbruecht, deen e kommerziellen Erfolleg war. Och seng nächst Lidder an Albumen hate Succès.

Am September 2005 huet en zwee russesch MTV Music Awards gewonnen. Bei der Iwwerreechung vun den MTV Music Awards krut e schonn zweemol d'Auszeechnung fir de Best Russian Act.

Europawäit ass hien am Joer 2006 duerch seng Participatioun um Eurovision Song Contest bekannt ginn, wou e mat sengem Song Never Let You Go mat 248 Punkten op der zweeter Plaz hanner Lordi gelant ass.

Am November 2006 krut e bei de World Music Awards de "Best-Selling Russian Artist Award".

Et goufen duerno zwee Lidder zesumme mam Nelly Furtado am mam Timbaland opgeholl, dëst fir säin neien engleschsproochegen Album Believe.

2008 huet den Dima Bilan sech eng zweet Kéier bei der Eurovisioun versicht, du mam Titel Believe, enger Ballad, déi vum Jim Beanz produzéiert a vum Timbaland geschriwwe gouf. Ënnerstëtzt gouf e bei senger Büneperformance vum Violonist Edvin Marton a vum Äiskonschtleefer Jewgeni Pljuschtschenko. E sollt dëse Schrëtt net bereien, mat 272 Punkten huet seng Kontributioun d'Eurovisioun 2008 haushéich fir Russland gewonnen.[1]

2012 huet en mat der Sängerin Julija Wolkowa, déi als Member vum Pop-Duo t.A.T.u. bekannt gouf, un der russescher Virentscheedung fir de Eurovision Song Contest 2012 deelgeholl. Hiert Lidd Back to Her Future koum op déi zweet Planz, no Party for Everybody vun de Gewënnerinne Buranowskije Babuschki.

Zënter 2012 sëtzt den Dima Bilan onreegelméisseg an der Jury vun de russesche Versioune vun de Castingsendungen The Voice an The Voice Kids.

Hie verëffentlecht weider nei Albumen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Я ночной хулиган [Ja notschnoj chuligan - "Ech sinn en Nuechtrowdy"]
  • 2004: На берегу неба [Na beregu neba - "Un der Küst vum Himmel"]
  • 2006: Время-река [Wremja-reka - "Zäit-Floss"]
  • 2008: Против правил [Protiw prawil "Géint d'Reegelen"]
  • 2009: Believe
  • 2011: Мечтатель [Metschtatel' - "Dreemer"]
  • 2013: Дотянись [Dotjanis' - "Ereechen"]
  • 2015: Не молчи [Ne moltschi - "Schweig net"]
  • 2017: Эгоист [Egoist]
  • 2020: Перезагрузка [Peresagruska - "Neistart"]
  • 2020: Вторая жизн [Wtoraja shisn - "Zweet Liewen"]

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: На берегу неба [Na beregu neba]
  • 2006: Это была любовь [Eto byla ljubow]
  • 2006: Never Let You Go
  • 2006: Невозможное возможно [Newosmoshnoe wosmoshno]
  • 2007: Я твой номер один [Ja twoj nomer odin]
  • 2007: Горе зима [Gore sima]
  • 2008: Believe
  • 2008: Lonely
  • 2009: Changes
  • 2009: По парам [Po param]
  • 2010: Я просто люблю тебя [Ja prosto ljublju tebja]
  • 2011: Мечтатели [Metschtateli]
  • 2011: Задыхаюсь [Sadychajus]
  • 2012: Так не бывает [Tak ne bywaet]
  • 2013: Малыш [Malysch]
  • 2014: Болен тобой [Bolen toboj]
  • 2018: Молния [Molnija]
  • 2019: Про белые розы [Pro belye rosy]
  • 2019: Полуночное такси [Polunotschnoe taksi]
  • 2021: Это была любовь [Eto byla ljubow]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. russlandjournal.de: Russland beim Eurovision Song Contest 2006 in Athen, Griechenland
Commons: Dima Bilan – Biller, Videoen oder Audiodateien