Op den Inhalt sprangen

Rovaniemi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rovaniemi
Jätkänkynttiläsilta (Holzfällerkäerzebréck)
Allgemenges
  Stad, Gemeng a Finnland
Buergermeeschter Ulla-Kirsikka Vainio
Haaptstad vun Lappland
Websäit https://www.rovaniemi.fi/
Demographie
Awunner 65.329
  29. Februar 2024
Geographie
Gewässer Kemijoki
Koordinaten 66°30'10,04"N, 25°43'42,53"O
Fläch 7.581,63 km²
Grenzt un Kolari, Kittilä, Sodankylä, Kemijärvi, Posio, Ranua, Tervola, Ylitornio, Pello, Pelkosenniemi
Kaart mat der Lag
Vue op Rovaniemi, an der Mëtt riets d'Lumberjack's Candle Bridge
„Santa Claus Village“

Rovaniemi [ˈrɔvɑniɛmi] ass eng Stad a Finnland an de Chef-lieu vun der Regioun Lappland. Se huet 65.329 Awunner (Stand 29. Februar 2024)[1] an ass 7.581,63 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 8,62 Awunner / km²[2]. Et ass déi gréisst a bedeitendst Stad am Norde vu Finnland.

Rovaniemi läit am Süde vun der Regioun Lappland. De Stadzentrum läit um Zesummefloss vun de Flëss Ounasjoki a Kemijoki, ronn zéng Kilometer südlech vum Polarkrees.

Nieft der Stad selwer, an där iwwer 80 % vun der Bevëlkerung wunnen, ëmfaasst d'Verwaltungsgebitt vu Rovaniemi, zënter der Fusioun mat der Landgemeng Rovaniemi, eng grouss Fläch vun 8.017 km² (méi wéi dräimol sou grouss wéi Lëtzebuerg). Rovaniemi ass domat – wat d'Fläch ugeet – déi gréisst Stad an Europa. De gréissten Deel dovun ass awer ganz dënn bewunnt.

D'Nopeschgemenge vu Rovaniemi sinn: Ranua am Süden, Tervola am Südwesten, Ylitornio a Pello am Westen, Kolari am Nordwesten, Kittilä a Sodankylä am Norden, Kemijärvi am Osten a Posio am Südosten.

Déi noost Groussstad ass Oulu, 207 km südlech vu Rovaniemi; bis an d'Haaptstad Helsinki sinn et 815 km.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Jätkänkynttiläsilta (Holzfällerkäerzebréck)
  • D'Duerf vum „Santa Claus“ um Polarkrees

Perséinlechkeeten

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 Commons: Rovaniemi – Biller, Videoen oder Audiodateien


Gemengen an der Regioun Lappland

Enontekiö - Inari - Kemi - Kemijärvi - Keminmaa - Kittilä - Kolari - Muonio - Pelkosenniemi - Pello - Posio - Ranua - Rovaniemi - Salla - Savukoski - Simo - Sodankylä - Tervola - Tornio - Utsjoki - Ylitornio

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Finland's preliminary population figure was 5,608,218 at the end of February 2024.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.