Tarja Halonen
Ausgesinn
| Tarja Halonen | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
11. President vu Finnland | |
| 1. März 2000 - 1. März 2012 | |
| Virgänger | Martti Ahtisaari |
| Nofollger | Sauli Niinistö |
| Biographie | |
| Gebuertsnumm | Tarja Kaarina Halonen |
| Gebuer |
24. Dezember 1943 Helsinki |
| Nationalitéit | Finnland |
| Gielercher | Grousskräiz vum Isabellauerden, Wäissen Aadleruerden, Grousskräiz vum Sankt-Olav-Uerden, Sonderstufe des Großkreuzes des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Grand-croix de la Légion d'honneur, Kinnekleche Seraphinenuerden, Grousskräiz vum Leopoldsuerden, Grand-croix vum Ordre de la Couronne, Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw |
| Bestuet mat | Pentti Arajärvi (26.8.2000–) |
| Liewenspartner(in) | Kari Pekkonen |
|
| |
D'Tarja Kaarina Halonen [ˈtɑrja ˈhɑlɔnɛn], gebuer de 24. Dezember 1943 zu Helsinki a Finnland, ass eng finnesch Politikerin.
Si ass zanter 1971 Member vun der Sozialdemokratescher Partei vu Finnland, fir déi se vun 1977 bis 1996 am Gemengerot vun Helsinki a vun 1979 bis 2000 Deputéiert am finnesche Parlament war.
Vun 1987 bis 1990 war si Ministesch fir Soziales a Gesondheet, vun 1989 bis 1991 Ministesch fir déi skandinavesch Zesummenaarbecht, vun 1990 bis 1991 Justizministesch a vun 1995 bis 2000 Ausseministesch.
D'Tarja Halonen war, vum 1. Mäerz 2000 bis den 29. Februar 2012, Presidentin vu Finnland an éischt Fra an deem Amt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Internetsäit vun der finnescher Staatspresidentin
- De Staatsbesuch vun der Madame Halonen zu Lëtzebuerg am November 2008 (fr)
| Commons: Tarja Halonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
