Louisiane

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kaart vun der Louisiane

D'Louisiane war ee groussen Deel vun Nei-Frankräich an Nordamerika. D'Kolonie, déi vum Entdecker Robert Cavelier de La Salle nom franséische Kinnek Louis XIV. benannt gi war, huet sech am 17. an am 18. Joerhonnert tëschent de Grousse Séien am Norden an dem Golf vu Mexiko am Süden erstreckt an hat souzesoen de Floss Mississipi als Réckstrank.

Nom Siwejärege Krich (1756-1763) huet Frankräich deen Deel vun der Louisiane, deen um rietsen Uwänner vum Mississipi louch, u säi spueneschen Alliéierten ofgetrueden.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Louisane (Nei-Spuenien)

An ëmmer nach am Joer 1763, huet Frankräich den aneren Deel um lénksen Uwänner, un England ofginn. 1800 allerdéngs konnt Frankräich, am Traité vu San Idelfonso, dat Gebitt, dat u Spuenien ofgetruede gi war, zréckkréien. Mä de Konsulat, ënner dem Generol Napoléon Bonaparte, huet dat Gebitt 1803 definitiv un d'Vereenegt Staate vun Amerika, déi sech doduerch bis un d'Rocky Mountains konnten ausbreeden, verkaaft.

Den amerikanesche Bundesstaat Louisiana ass nëmmen e klengen Deel, souzesoen d'Südspëtz vun der fréierer franséischer Louisiane.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anka Muhlstein, Cavelier de La Salle, l'homme qui offrit l'Amérique à Louis XIV; Paräis (Grasset), 1991.
  • Robert Pico, Cadillac, l'homme qui fonda Detroit; Paräis (Denoël), 1995.
  • Arthur Conte, L'épopée coloniale de la France; Paräis (Plon), 1992; 546 S.; ISBN 2-7242-7333-8
  • Franck L. Schoell, Histoire des États-Unis; Paräis (Petite Bibliothèque Payot), 1965 (3. Oplo); 384 S.; ISBN 2-228-33210-0
  • Udo Sautter, Geschichte der Vereinigten Staaten; Stuttgart (Kröner Verlag - Taschenausgabe, Bd. 443), 1976.