James II. vun England

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kinnek James II. vun England

Den James II. vun England (de.: Jakob II., fr.: Jacques II.), gebuer de 14. Oktober 1633 am St. James's Palace zu London a gestuerwen de 16. September 1701 zu Saint-Germain-en-Laye), gläichzäitig James VII. vu Schottland, gouf den 23. Abrëll 1685 zum Kinnek vun England, vu Schottland a vun Irland gekréint.

Hie war deen leschte kathoulesche Monarch vun den deemools anglikaneschen, resp. presbyterianesche Kinnekräicher England a Schottland. 1688/69 gouf e wéinst senger prokathoulescher an absolutistescher Politik duerch d'Glorious Revolution ofgesat an duerch seng Duechter Mary an där hire Mann, de Willem III. vun Oranje ofgeléist.

Den James II. huet dono e puermol, ma ouni Succès, probéiert mat der Hëllef vum Louis XIV. vu Frankräich nees op den Throun zréckzekommen. von Frankreich, auf den Thron zurückzukehren. Och säi Jong James Francis Edward Stuart (the Old Pretender) a Kandskand Charles Edward Stuart (the Young Pretender) hu probéiert, Ënnerstëtzung bei aneren europäesche Staaten ze fannen, och si ouni Erfolleg.

Den James war den drëtte Fils vum Kinnek Charles I. vun England, Schottland an Irland a senger Fra, der Kinnigin Henriette Marie vu Frankräich, der Duechter vum franséische Kinnek Henri IV.

An der Folleg vum Englesche Biergerkrich gouf den Charles I. 1649 higeriicht, an dem James säi Brudder, den Charles II. gouf 1651 neie Kinnek vun Irland a Schottland, net awer vun England. Dat gouf en eréischt 9 Joer méi spéit, nom Doud vum Oliver Cromwell an deem sengem Jong Richard sengem Récktrëtt.

Den James, dee bis dohin a Frankräich gelieft hat, goung an England zréck, huet sech bestuet a krut den Titel Duke of York, an dono Lord High Admiral a Commandant-en-chef vun der Royal Navy während dem zweeten (1665–1667) an drëtten Englesch-Nidderlännesche Krich um Mier (1672–1674). Wéi d'Englänner 1664 Nieuw Nederland an Nordamerika eruwert haten, gouf Nieuw Amsterdam zu sengen Éieren an New York ëmgenannt.

1668 oder 1669 ass den James zum Katholisziismus konvertéiert, wat sengem Brudder a Kinnek Charles II. net gefall huet; hien huet verlaangt, datt dem James seng Kanner als Protestante sollten erzu ginn. 1677 huet den Herzog von York probéiert, d'Protestanten ze zëssen, andeems e senger Duechter Mary erlaabt huet, de protestantesche Statthalter vun der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen, de Prënz Willem III. vun Oranien, ze bestueden. Well de Kinnek selwer keng Kanner krut, goufe antikathoulesch Komplotttheorien an Ëmlaf bruecht, datt den James do derhannert stieche géif (hien hat sech fir d'zweet mat der Maria d'Este, enger kathoulescher italienescher Adlerger bestuet). Nodeems en eng Zäitchen zu Bréissel war, bis d'Lag sech e bësse berouegt hat, gouf den James 1680 zum Lord High Commissioner vu Schottland ernannt an ass op Edinburgh wunne gaangen.

Iwwerdeems hunn an England Deputéiert probéiert, den James aus der Throunfolleg auszeschléissen. Ier dës Exclusion Bill gewielt konnt ginn, huet den Charles II. d'Parlament opgeléist, ma dëst huet sech 1680 an 1681 mat neigewieltem Parlament widderholl. Dono uet de Kinnek keng Neiwale méi zougelooss. 1682 koum den James hannescht an England. 1683 gouf et e Versuch, hien an de Kinnek am sougenannte Rye House Plot ze ermerden; et gouf awer näischt draus.

1685 ass den Charles II. ouni legitimen Nofolger gestuerwen, a sou gouf säi Brudder als Nofolger den 23. Abrëll 1685 an der Westminster Abbey gekréint. Hien hut mat haarder Hand regéiert, a gouf dofir ëmmer manner beléift. Wéi en eng Rëtsch Katholiken un d'Spëtzt vun der Arméi ernenne wollt, an d'Parlament do dergéinyt gestëmmt huet, huet en dat am November 1685 ajournéiert, an et sollt während senger Herrshcft net méi aberuff ginn.

1686 hunn d'reliéis Spannunge sich nach verstäerkt, wéi den James eng Rëtsch anglikanesch Bescheef, Universtiéitsdekanen a soss Leit an héije Fontiounen entlooss huet. Allgemeg huet e Reformen agefouert, fir den Adel manner staark ze maachen.

Wéi seng Fra Maria am Juni 1688 e Jong an deemno Ierwen, den James Francis Edward, op d'Welt bruecht huet, hunn d'Protestanten, déi gefaart hunn, ewell wier d'Kinnekshaus fir zerguttst kathoulesch, de Willem III. vun Oranien, dem Kinnek säin Eedem, ëm Hëllef geruff. Dësen ass de 5. November 1688 mat enger Flott an England gefuer, a stënterlech hunn dem James seng protestantesch Offizéier d'Säit ewiesselt. Den 23. Dezember ass den James II. aus England fortgelaf akrut a Frankräuch vum Louis XIV. Asyl am Schlass vu Saint-Germain-en-Laye offréiert.

Den 12. Februar 1689 huet e provisorescht Parlament decidéiert, datt dem James II. seng Flucht eng Ofdankung wier, an huet dem James seng Duechter Mary zur Kinnigin erkläert, zesumme mat hirem Mann, dem Willem III. vun Oranien. D'schottescht Parlament huet deem den 11. Abrëll zougestëmmt. Déi zwéin hunn an der Bill of Rights dëst nach eng Kéier konfirméiert.

Am Mäerz 1689 ass den James, mat enger franséishcer Flott, an Irland gelant, wou d'Parlament hien nach ëmmer als Kinnek ugesinn huet. Hie gouf awer den 1. Juli 1690 an der Schluecht um Boyne geschloen an ass nees a Frankräich geflücht. D'Irlänner hunn him, wéinst dësem feige Réckzuch, de Sprëtznumm James the be-shitten ginn.

Hien huet bis zu sengem Doud zu Saint-Germain-en-Laye gelieft, wou en un engem Schlag gestuerwen ass a begruewe gouf.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Lady Anne Hyde (ëm 1662)

De 24. November 1659 huet hien an engem éischte Bestietnes d'Lady Anne Hyde bestuet, mat dâr en zesummen aacht Kanner hat:

  • Charles (* 22. Oktober 1660; † 5. Mee 1661)
  • Maria II. (* 1662; † 1694) ∞ Kinnek Willem III.
  • James (* 12. Juli 1663; † 20. Juni 1667)
  • Anna (* 1665; † 1714) ∞ Prënz Georg vun Dänemark
  • Charles (* 4. Juli 1666; † 22. Mee 1667)
  • Edgar (* 14. September 1667; † 8. Juni 1671)
  • Henrietta (* 13. Januar 1669; † 15. November 1669)
  • Catherine (* 9. Februar 1671; † 5. Dezember 1671)
Prinzessin Maria Beatrix vu Modena (1680)

Den 21. November 1673 huet hie sech, nom Doud vu senger éischter Fa, mat der Prinzessin Maria Beatrice vu Modena bestuet, der Duechter vum Alfonso IV. d'Este, mat där e siwe Kanner hat:

  • Catherine Laura (* 10. Januar 1675; † 3. Oktober 1675)
  • Isabella (* 18. August 1676; † 2. Mäerz 1681)
  • Charles (* 7. November 1677; † 12. Dezember 1677)
  • Elizabeth (* 1678; † 1678)
  • Charlotte Maria (* 16. August 1682; † 6. Oktober 1682)
  • James Francis Edward Stuart, genannt the Old Pretender (* 1688; † 1766)
  • Louisa Maria Theresa (* 1692; † 1712)

Ausserdeem hat hien eng Rëtsch Kanner "niewelaangscht".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • James S. Clarke (Hrsg.): The Life of James II. Longman Hurst, London 1816 (2 Bde.)
  • Peter Earle: The life and times of James II. Weidenfels & Nicolson, London 1972
  • John Miller: James II. 3rd. ed. Yale University Press, New Haven, Conn. 2000, ISBN 0-300-08728-4.
  • Meriol Trevor: The shadow of a crown. The life story of James II. of England and VII. of Scotland. Constable, London 1988, ISBN 0-09-467850-2
  • Francis C. Turner: James II. Eyre & Spottiswoode, London 1950

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James II. vun England – Biller, Videoen oder Audiodateien