Mëllechstrooss
D'Mëllechstrooss ass déi bandfërmeg Ophellung um Nuetshimmel, déi laanscht engem Grousskrees d'Himmelskugel ëmspaant. De Begrëff steet geleeëntlech och als kuerz Bezeechnung fir de Mëllechstroossesystem selwer, och eis Galaxis genannt. D'Stäresystem vum Typ vun enger Balkespiralgalaxis ass d'Heemecht vun eisem Sonnesystem. Aner extragalaktesch Stäreninsele ginn och Galaxië genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Schonn an der Antikitéit war d'Mëllechstrooss als hell, schmuel Sträif um Nuetshimmel bekannt. Eng antik griichesch So erzielt vun enger Gëttin Hera, déi hire Stéifjong Herakles geniert huet. Wéi deen awer e bësschen ze vill rabiat zougebass huet, ass d'ganz Mëllech iwwer den Himmel gesprëtzt ginn. Aus dem griichesche Wuert „Gala“ (Mëllech) entwéckelt sech de griichesche Begrëff γαλαξίας, (galaxías).
Déi afrikanesch San hu fir d'Mëllechstrooss e poeteschen Numm : „D'Réckkräiz vun der Nuecht“.
Eréischt am Joer 1609 konnt de Galileo Galilei duerch Observatioune mat dem Teleskop déi richteg Natur vun der Mëllechstrooss entdecken, a si op d'mannst deelweis an eenzel Stären opléisen.
Zur éischter Virstellung vun der Scheiweform koum de Wilhelm Herschel am Joer 1785 opgrond vu systematesche Stärenzielungen (Stellarstatistik).
Opbau vun der Galaxis [änneren]
Allgemeng Struktur [änneren]
D'Mëllechstroossesystem ass eng véier- oder fënnefäermeg Balkespiralgalaxis. Si besteet aus ronn 300 Milliarde Stären an aus grousse Quantitéite vun interstellarem Material, déi nach eng Kéier 600 Millioune bis e puer Milliarde Sonnemassen ausmaachen. D'Mass vum bannenzege Beräich vun der Galaxis gëtt mat ongeféier 3,6×1041 kg gerechent. Hir Ausdeenung um galaktesche Plang bedréit ronn 100.000 Liichtjoer (30 kpc), d'Déckt vun der Scheif ass ronn 3.000 Liichtjoer (920 pc) an déi vun der zentraler Bëlz (engl. Bulge) ronn 16.000 Liichtjoer (5 kpc).
D'Dunn bilt mat der Verbindungslinn vum Sonnesystem zum Zentrum vun der Mëllechstrooss e Wénkel vun 45°. D'Mëllechstrooss ass also wahrscheinlech eng Balkespiralgalaxis vum Hubble-Typ SBc. No enger Bestëmmung mat Hëllef vum Infrarout-Weltraumteleskops Spitzer ass d'Balkestruktur mat enger Ausdeenung vu 27.000 Liichtjoer iwwerraschend laang.
D'Totalmass von der Mëllechstrooss gëtt op 1,9 Billioune Sonnemasse geschat, domat ass si déi mat Ofstand masseräichst Galaxis vun der lokaler Grupp (vgl. Andromedaniwwel: 1,2 Billiounen).
Galakteschen Halo [änneren]
Ronderëm ass d'Galaxis vun engem kugelfërmege galakteschen Halo mat engem Duerchmiesser vun ronn 165.000 Liichtjoer (50 kpc) ëmginn, enger Aart vu galaktescher „Atmosphär“. An him sinn nieft de ronn 150 Kugelstärekéip nëmme weider al Stären, dorënner RR Lyrae-Verännerlecher, a Gas vu niddreger Dicht. Ausnahme sinn déi waarm Blue Straggler-Stären. Dozou kommen eng grouss Mass Donkel Matière mat ronn 1 Billion Sonnemassen, dorënner och sougenannte MACHOen. Anescht wéi d'galaktesch Scheif ass den Halo bal ouni Stëbs an enthält bal nëmmen al Stären , metallarm Populatioun II, deenen hiren Orbit ganz staark géint déi galaktesch Gläiche gekrëmmt ass.
Galaktesch Scheif [änneren]
De Groussdeel vun de banneschten Stäre vun der Galaxis sinn zimlech gläichméisseg op der galaktescher Scheif verdeellt. Si enthält am Géigesaz zum Halo virun allem Stäre vun der Populatioun I, déi sech duerch en héijen Undeel schwéier Elementer auszeechnen.
D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss [änneren]
D'Sonn ëmkreest d'Zentrum vum Mëllechstroossesystem an engem Ofstand vun 25.000 bis 28.000 Liichtjoer a befënnt sech ronn 15 Liichtjoer nërdlech der Mëttelgläich vun der galaktescher Scheif banne vum Orion-Arm, an engem zimlech stëbsfräie Raumgebitt, dat als "Lokal Bloos" bekannt ass. Fir een Ëmlaf ëm d'Zentrum vun der Galaxis, dat Galaktescht Joer, brauch si 220 bis 240 Milliounen Joer, wat enger Rotatiounsvitesse vun ronn 220 km/s entsprécht. D'Erfuerschung vun där Rotatioun ass bei ville Stären duerch d'Observatioun vun der Eegebewegung an der Radialvitesse méiglech. Aus hinne gouf ëm 1930 d'Oort-Konstant ofgeleet.
Alter [änneren]
No Miessungen aus dem Joer 2004 ass d'Mëllechstroossesystem ongeféier 13,6 Milliarden Joer al. D'Genauegkeet vun dëser Ofschätzung, déi d'Alter unhand vum Berylliumundeel vu verschiddene Kugelstärekéip bestëmmt, gëtt mat ronn 800 Milliounen Joer uginn.
Literatur [änneren]
- Cuno Hoffmeister: Der Aufbau der Galaxis. Akademie-Verlag, Berlin (1966)
- Nigel Henbest, Heather Couper: Die Milchstraße Birkhäuser Verlag, (1996), ISBN 3-7643-5235-3
- Spektrum der Wissenschaft. Dossier 4/2003: Die Milchstraße. ISBN 3-936278-38-5
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Milchstraße – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Mëllechstrooss (en)
- The Milky Way Galaxy (en)
- extrasolar-planets.com - Milchstraße (de)
- Die Milchstraße im Universum (en)