Hubble-Typ
D'Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungschema fir Galaxien, gouf am Joer 1936 vum Astronom Edwin Hubble entwéckelt.
An dësem Schema (och Stëmmforchettsdiagramm) stinn E0 bis E7 fir eng Elliptesch Galaxis mat zouhuelender Ofplattung, Sa bis Sc fir eng Spiralgalaxis , SBa bis SBc fir eng Balkespiralgalaxis an Ir fir eng irregulär Galaxis. S0 an SB0 sinn d'Iwwergangstype vun der lënsefërmeg (oder lentikulärer) Galaxis.
- Déi eenzel Galaxientypen sinn am Artikel Galaxis méi no beschriwwen.
Den Hubble huet an dëser Duerstellung eng méiglech Entwécklungssequenz fir Galaxien gesinn. D'Fuerschungen vun de leschte Joren hunn awer gewisen, datt d'Galaxienentwécklung wäitaus méi komplex ass a sech net duerch eng einfach Sequenz duerstelle léisst. Trotzdeem gëtt ëmmer nach, eigentlech onkorrekt, elliptesch Galaxien als 'fréi' Galaxien am Géigesaz zu den 'spéiden' Spiralgalaxien, bezeechent. Dem Hubble seng morphologesch Andeelunge vun de Galaxie ginn nach haut gebraucht.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Galaxies and the Universe - an introduction to galaxy classification
- (en) Near-Infrared Galaxy Morphology Atlas, T.H. Jarrett
| Commons: Galaxy morphological classification – Biller, Videoen oder Audiodateien |
