Messier 81

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Galaxis Messier 81

De Messier 81 (och als NGC 3031 bekannt) ass eng +6,9 mag hell Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sb am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier). Den M81 ass d'Galaxis um nërdlechen Himmel, déi eis no dem Andromedaniwwel an dem Dräiecksniwwel am gréissten an hellsten erschéngt. D'Zuel vun de Stären an deem System gëtt op 250 Milliarde geschat, wat am Verglach zu eiser Mëllechstrooss een e bësselche méi klenge Wäert ass. Den M81 gëtt heiansdo zu Éiere vun hirem Entdecker och Bode-Galaxis genannt, well si am Joer 1774 vum Johann Elert Bode entdeckt gouf.

Déi schäinbar Fläch vun M81 mécht mat 20' mol 12' (de Mound huet e schäinbaren Duerchmiesser vu ronn 30') ongeféier dräi Prozent vun der Fläch vum Andromedaniwwel aus. Mat 12 Millioune Liichtjoer ass den M81 gutt véiermol sou wäit wéi déi Galaxis ewech an schéngt dofir méi kleng ze sinn. D'Distanz gouf am Kader vum H0 Key Project am Joer 1993 ganz genee bestëmmt an ass däitlech méi grouss wéi d'Wäerter vu ronn 7 Millioune Liichtjoer, déi een an der aler Literatur fënnt.

Vun der Äerd aus gesi mir schréi op d'Galaxis, déi relativ labber Spiraläerm huet, awer vill Stären an der Géigend vum Zentrum huet. An der Hubble-Sequenz ass den M81 vum Typ Sb.

M81 an M82: de Kär vun der M81-Grupp.

Den M81 huet eng visuell Magnitude vu +6,90 mag . A senger Géigend ass déi e bëssche méi liichtschwaach Spiralgalaxis M82, déi nëmmen 150.000 Liichtjoer ewech ass. Dës zwou Galaxië bilden de Kär vun der M81-Galaxiëgrupp, déi eng echt physikalesch Grupp maachen, déi eng vun eisen nächsten Noperen vun eiser Lokaler Grupp sinn. Zu där Grupp gehéieren ënner anerem och den NGC 2403, NGC 3077 an den NGC 2976.

Koordinaten vun M81 (Equinoxe J2000.0):

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Messier 81 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen